Materialschued5 Bränn uechter d'Land gemellt

RTL Lëtzebuerg
D'Pompjeeë goufen e Mëttwoch 5 Mol wéinst Bränn geruff, dat ënnert anerem zu Käerjeng an zu Jonglënster.

E Mëttwoch de Moien huet op der A13 op der Héicht vum Beetebuerger Kräiz en Auto gebrannt. Mëttes gouf et an der Rue Jean-Pierre Brasseur um Belair eng Dampentwécklung.

Géint 14 Auer huet zu Käerjeng an der Lëtzebuerger Strooss e Gefier Feier gefaangen. Op der Gantebeensmillen gouf et kuerz viru 15 Auer e Feier, well gegrillt gouf.

Zu Jonglënster an der Buerglënster Strooss huet géint 16.30 Auer en Daach gebrannt.

Et blouf iwwerall beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO