
De Patrick Antony gëtt ënnerstëtzt vu sengem Betreiungsteam mat 17 Moniteuren a Personal aus der Maison Relais.
Vum 22. Juli bis den 2. August gëtt et e flotte Programm mat naturverbonnener a spektakulärer Animatioun, dat ënnert dem Thema “5 Sënner”.

Duerzou hunn och en Hike gehéiert, schlofen zu Beefort, Iechternach a Veianen, verbonne mat Ausflich op de Stau mam Park Sënnesräich.
Am Kader vun der Ofschlossfeier bei der Spillarena “Dauler Kaul” hunn d’Kanner alle Leit e flotten Animatiounsprogramm presentéiert. Zum Schluss huet de Patrick Antony awer drop gehalen, fir alle Kanner mat hire Betreier a Benevollen, fir hiert Engagement an Ausdauer Merci ze soen, grad ewéi der Gemeng Préizerdaul fir hir Ënnerstëtzung. Duerno blouf him just nach jidderengem eng schéin an erhuelsam Vakanz ze wënschen.

