
Wéi vill Educateure schaffen zu Lëtzebuerg an deene verschiddene Secteuren? Dat heescht an der Grondschoul, an de Strukture fir Kanner a Jonker, an de Strukture fir Kanner, Jonker an Erwuessener mat engem Handicap an an de Strukture fir eeler Leit. Dat well den CSV-Deputéierte Marc Spautz an enger parlamentarescher Fro wëssen.
Hei e puer Chifferen aus der gemeinsamer Äntwert vum Educatiounsminister Claude Meisch an der Familljeministesch Corinne Cahen.
Am Precoce ginn all d'Klassen, esou wéi dat am Gesetz vun 2009 festgehalen ass, net just vun engem Schoulmeeschter, mä och vun engem Educateur encadréiert. Dëst Joer ginn et där Klassen 294 an dofir och genee esou vill Educateursposten. Educateure ginn et awer net just fir d'Precoce-Klassen am Cycle 1, mä och fir méi al Schüler, si gehéieren zu den Equippen, déi Schüler ënnerstëtzen, déi spezifesch Besoinen hunn a gi vun de Regionaldirektioune geréiert. Där Vollzäitposte ginn et den Ament 214 Stéck.
An de Crèchen, Maisons relais a Foyers de jours ginn et aktuell 2.344 ganz Tâchen, dat gëllt natierlech just fir de konventionéierte Secteur.
Fir sech ëm Jonker tëschent 12 an 29 Joer ze këmmere ginn et am konventionéierte Beräich 222 Posten. Dat ass fir Jugendhaiser a fir Jugendservicer.
Am Secteur fir Strukturen, déi sech u Mënsche mat Handicap riichten, ginn et 73,5 Poste fir Educateuren an 51,5 Poste fir Educateurs gradués.
Den CSV-Deputéierte Marc Spautz hat och gefrot, wéi vill Educateuren a Strukturen a Servicer schaffen, déi sech ëm eeler Leit këmmeren. An der Äntwert gëtt do op de Gesetztext verwisen, wou definéiert ass, wéi eng a wéi vill Poste pro X Awunner virgeschriwwe sinn. Zum Beispill an engem Fleegeheem, wou vum Gesetz hier ee Vollzäitposte pro 5 Awunner néideg ass.
Op Nofro hin vum Marc Spautz preziséieren, d'Corinne Cahen an de Claude Meisch an hirer gemeinsamer Äntwert, datt et zu Lëtzebuerg zwee Etablissementer ginn, déi Educateure forméieren. De Lycée technique pour professions educatives et sociales an d'Ecole nationale pour adultes. Am Ganze sinn den Ament 785 Persounen do ageschriwwen.