
D'Motioun vun der ADR, déi de Récktrëtt vum Ausseminister Jean Asselborn gefrot hat, gouf en Donneschdeg de Mëtteg an der Chamber kloer mat 55 Mol ''Nee'' net gestëmmt.
Een Grond fir d'Demande vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser war en Optrëtt vum Lëtzebuerger Ausseminister op der däitscher Tëlee, wou dësen déi éisträichesch Regierung ''Kurz'' ferm attackéiert hat. De Jean Asselborn hätt net diplomatesch an net am Interêt vu Lëtzebuerg op internationalem Niveau agéiert, esou de Fernand Kartheiser.
"Mir sinn der Meenung, datt Lëtzebuerg en anere Minister brauch an domadder och eng Aussepolitik, déi eis Interessie besser entsprécht an eisem Bild an Europa an an der Welt notzt."
Déi Lénk, d'Piraten, déi Gréng, d'DP, an dem Jean Asselborn seng eege Partei d'LSAP hunn dem Ausseminister awer de Réck gestäipt. D'CSV huet wuel mat Nee gestëmmt, ma de Lëtzebuerger Ausseminister nawell schaarf kritiséiert.
Ganz emotional huet de Jean Asselborn seng Politik vun der Mënschlechkeet verdeedegt.
"Lëtzebuerg huet een Häerz gehat an et si vill Leit, Här Kartheiser, Dir kennt se vläicht net all. Dir kennt just alleguerten déi, déi um Facebook Saache schreiwen, déi aus ärem Cercle do sinn. Huelt all déi Leit vun den ONGen, déi sech asetze fir déi Leit. An ech mengen dat ass dat, wat mir eise Kanner a Kanneskanner wëlle weiderginn. Ech wëll [...], wann eng Kéier de Bilan gezu gëtt vun dëser Zäit, dat mer net op der falscher Säit stoungen. An dofir soen ech, Dir kënnt vun der Madamm Merkel schwätzen, wat der wëllt, mä ech si léiwer op där hirer Säit, wéi op der Säit vum Orban oder vum Kurz."
Iwwer seng Aussoen op der däitscher Tëlee géint d'Éisträichesch Regierung, wou hien den Ausdrock ''jodelen'' gebraucht hat an dofir schaarf kritiséiert gouf, wollt den Jean Asselborn net weider agoen.
Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler awer huet d'Manéier, wéi den Jean Asselborn d'Positioun vun der Regierung a verschiddenen Dossieren, wéi der Flüchtlingsproblematik, no bausse vertrëtt, schaarf kritiséiert. Am Fong wär ee sech mam Jean Asselborn awer eens: all Memberstaat muss seng Responsabilitéiten huelen, virop an der Migratioun. Dofir wollten déi Chrëschtlech-Sozial mam Minister och iwwer d'Propose vun der EU-Kommissioun fir den neie Migratiounspakt schwätzen. E Pakt dee wuel maximal e Kompromëss ass, well et net einfach ass, déi 27 EU-Memberstaaten op ee gemeinsamen Nenner ze bréngen.
Den neie Migratiounspakt soll d'Prozedure vum Asyl-System beschleunegen an verbesseren an d'Memberstaaten obligéieren, sech solidaresch ze weisen an eng Hand mat unzepaken. Ma den CSV-Deputéierte Claude Wiseler ass skeptesch.
"Et ass net esou, wéi ech mir d'europäesch Solidaritéit virstellen. Ech soen och: et si vill Geforen an der Propositioun. D'Gefor ass, dass eng ganz Rei Länner soen, dass se mat der Relokalisatioun näischt wëllen ze dinn hunn. An dass se da beim Material hëllefen oder just e puer Leit zeréckschécken."
Dem Claude Wiseler no misst d'Kommissioun op alle Fall Obligatioune virgesinn. Soss kéint et sinn, dass Memberstaaten zwar probéieren, geflücht Mënschen ze relokaliséieren, mä wann dat net klappt, näischt méi dovu wësse wéilten. Soll een dem Pakt trotzdeem eng Chance ginn? Dem Claude Wiseler no hunn d'Europäer kee Choix. Deemno jo.
De Sven Clement vun de Pirate äussert staark Bedenken un dësem Pakt.
"Et ass e Schratt an déi komplett falsch Richtung a wäert weder Entlaaschtung vun de südleche Memberstaaten duerch eng Kooperatioun um Niveau vun der Verdeelung vun de Flüchtlinge féieren, nach dofir suergen, dass dës Leit an Europa endlech ewéi Mënsche behandelt ginn."
Dem David Wagner vun déi Lénk n, misst een och no de Grënn fir dës Flüchtlingskris froen. Déi Lénk si fir eng solidaresch Migratiounspolitik. Mä senger Meenung no ass d'EU no net op Solidaritéit opgebaut, mä op Konkurrenz.
Och am Lëtzebuerger Parlament gëtt et also grouss Zweiwel un dësem Migratiounspakt. De Fernand Kartheiser vun der ADR fillt sech a sengen Usiichte confirméiert:
"D'Géigefro muss jo och gestallt ginn: wou sinn d'Grenze vun de Méiglechkeete fir Leit opzehuelen? A ville Länner ass dat genee d'Fro déi gestallt gëtt."
Dem Ausseminister Jean Asselborn no huet d'Zuel vu Refugiéen, déi an d'EU wéilten, dramatesch ofgeholl. 2015 waren et nach 1,8 Millioune Mënschen.
"Zejoert waren et der nach 142.000. Dofir kann een, mengen ech, no baussen och net soen, dass mer an enger Zäit liewen, wou mer géifen iwwerschwemmt ginn. De Problem ass net d'Migratioun. De Problem ass d'Gestioun vun de Leit. Déi kréie mer absolutt net hin."
Den neie Pakt steet ganz am Ufank vun de Prozeduren. Ma d'Zäit leeft fort.
Unanime goufen duerno dräi Motioune vum Claude Wiseler ugeholl, déi am Virfeld scho vun Deputéierten aus all Partei ënnerschriwwe gi waren. Eng Motioun fuerdert d'Regierung op, sech ënnert anerem fir fräi an demokratesch Neiwalen am Belarus staark ze maachen. Eng aner bezitt sech op de Konflikt um Mëttelmier wéinst Gruewungen no Gas. Hei soll d'Regierung hir Solidaritéit mat Griicheland an Zypern géint d'Tierkei affirméieren. Déi drëtt Motioun fuerdert d'Regierung op, d'Länner Armenien an Aserbaidschan un déi bestoend Accorden iwwer eng Wafferou am Konflikt wéinst der Regioun Bierg-Karabach ze erënneren.