Wéi eng Sujete wäerten an der Tripartite behandelt ginn?De Premier Luc Frieden huet d'Press fir 16 Auer invitéiert - Livestream op RTL.lu

Joel Detaille
De Luc Frieden huet bis ewell net duerchblécke gelooss, a wéi eng Richtung hien tendéiert.

Am Nomëtteg dierfte mer gewuer ginn, wéi eng Sujeten an der Tripartitte wäerte behandelt ginn. De Premier Luc Frieden huet d'Press nämlech op e Rendez-vous um 16 Auer nom Regierungsrot invitéiert.

En Dënschdeg gesäit d'Regierung d'Sozialpartner jo fir eng éischt Preparatiounsreunioun zu dräi, wou dann och aktuell Statistike vum Statec presentéiert ginn.

D'Gewerkschafte fuerderen, dass nieft der Kafkraaft an der Sécherheet vun den Aarbechtsplazen, an der Tripartitte och iwwert de Logement an d'Gesondheet geschwat gëtt. D'Patronat an och d'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP hätten iwwerdeems gären ee méi straffen Ordre du jour, dee sech méi op d'Energie-Thematik dréit.

De Luc Frieden huet bis ewell net duerchblécke gelooss, a wéi eng Richtung hien tendéiert. Hie wäert d'Wënsch vu Syndikater a Patronat haut mat an de Regierungsrot huelen, sot hien no de bilaterale Gespréicher e Mëttwoch.

Back to Top
CIM LOGO