
59% vun de Leit zu Lëtzebuerg engagéiere sech am Benevolat. Sief dat formell an engem Club, Veräin oder enger Associatioun. Oder och informell, andeems een zum Beispill engem Noper oder vulnerabele Persounen hëlleft. Dat seet eng rezent Etüd vun der TNS Ilres, déi vum Familljeministère an Optrag gi gouf an e Méindeg de Mueren der Chamber presentéiert gouf.
Besonnesch beléift ass de Benevolat bei Persoune mat engem méi héijen Ofschloss a Persounen, déi zanter hirer Gebuert an der nämmlechter Gemeng wunnen. D’Motivatioune si kloer, esou déi gréng Deputéiert Djuna Bernard: „Den Haaptgrond ass, fir anere Leit ze hëllefen. Op zweeter Plaz war d’Argument, fir selwer Freed ze empfannen, well déi Communautéit hinnen eppes zeréck gëtt a se d’Méiglechkeet hunn, eppes sëlwer ze beweegen an ze léieren.”
Bei 64% vun den net-engagéierte Persoune wier de Grond ganz einfach d’Zäit, net d’Motivatioun: „Ech mengen, datt dat net einfach iwwerraschend ass. Dat ass och eng wichteg Pist, fir an Zukunft eng Kéier politesch Conclusiounen ze zéien. Wann d’Mënsche keng Zäit hunn, fir sech fir d’Gesellschaft anzesetzen, fir aneren ze hëllefen, da muss een och vläicht kucken, wéi een de Mënschen nees méi Zäit ka ginn.”
D’Motivatioun, fir sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen, wier do, esou den CSV-Deputéierte Marc Spautz: „Wärend dem Covid hu mer dat gespuert. Respektiv deemools beim Tornado zu Käerjeng a Péiteng oder elo beim Héichwaasser. Et ass eng ganz grouss Solidaritéit bei der Bevëlkerung hei am Land. An et muss een déi och notzen, fir a benevole Aufgabe kënnen ëmzesetzen.”
Ville géif et och un de richtegen Adressen an dem Wësse vun de verschiddenen Optioune feelen: „D’Leit si motivéiert, nach méi am Benevolat ze maachen, wa se wéissten, wou se sech missten adresséieren. Do läit eng gréisser Aufgab bei eis als Politik, mä och bei der Agence du Bénévolat, dem zoustännege Ministère, ma och de Gemenge fir de Benevolat nees méi ze fërderen.”
Just 31% vun de Lëtzebuerger kennen d’Agence du Bénévolat.