
Um 11 Auer koum et zu Esch an der Rue de Luxembourg zu engem Accident, wéi eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert gouf. D’Rettungsekippe vun Esch an och vu Beetebuerg waren hei am Asaz.
E weidere Blesséierte gouf et géint 12.11 Auer an der Stad an der Route de Longwy, wou en Auto op der Kopp louch a géint 16.40 Auer um CR322 tëschent Kautebaach a Konstem, wou e Chauffer mat sengem Gefier verongléckt war. 2 Blesséierter gouf et um 14.38 Auer zu Ettelbréck an der Avenue des Alliés, wou 2 Gefierer anenee geknuppt sinn.
Och um CR106 tëschent Réiden an Nidderpallen gouf et um 16 Auer eng Kollisioun vun 2 Gefierer, hei gouf allerdéngs kee blesséiert, wéi och zu Diddeleng an der Rue de l’Hopital, wou e Chauffer géint 14.14 Auer mat sengem Auto am Gruef gelant war.
Mä och wéinst e puer Bränn zu Esch waren d’Ekippe vum CGDIS am Asaz: Um 11.37 Auer an der Rue des Acacias wéinst engem Vegetatiouns-Brand a géint 12.56 Auer bei der Place de l’Hotel, well hei Offäll gebrannt haten.