Kee mathuelen!Presuméiert Koffer-Déif am Raum Waldhaff op der Flucht

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vu Koffer, deen um Waldhaff zu Nidderaanwen geklaut gouf, sicht d'Police den Ament an der Ëmgéigend no engem oder méi Täter.
© Laurent Weber

Op d’mannst eng Persoun ass hei op der Flucht. An engem éischten Ament hat d’Police nach vun engem eenzegen Täter geschwat. Un de verdächtege Persounen hire Kleeder kéint Dreck oder Bulli sinn, heescht et am Bulletin vun der Police. Et soll ee kee mathuelen, deen Autostopp mécht a verdächteg Persoune sollen direkt dem Noutruff 113 gemellt ginn.

E Mëttwoch am Nomëtteg gouf der Police zu Roumecht an der Rue des Tilleuls och nach ee Fall vun engem Autoschauffer gemellt, dee Bensinn geklaut huet. Éischten Informatiounen no hat de Chauffer getankt an ass weidergefuer, ouni ze bezuelen. Een Mataarbechter vun der Tankstell wollt dee Verdächtegen zur Ried stellen, deen net wäit fort op engem Parkplaz stoung. Ma de Chauffer hat wuel net vill Loscht op deen Austausch an huet sech nach emol duerch d’Bascht gemaach. Dobäi huet hien eng Mataarbechterin vun der Tankstell touchéiert, déi probéiert hat, hien an der Sortie vum Parking mat Handzeechen ze stoppen. Si gouf dobäi liicht blesséiert. Eng Sich nom Täter ass ouni Resultat bliwwen. Weider Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet.

An der Nuecht op en Donneschdeg gouf d’Police dann nach vu enger Patrull vun der Douane informéiert, datt een Auto sech enger Kontroll op der Route de Trèves um Findel entzunn hat. Den Auto wier schliisslech an enger Niewestrooss stoebliwwen an zwee Männer hätte sech zu Fouss duerch d’Bascht gemaach. Éischt Ermëttlungen hunn erginn, datt den Auto wuel geklaut gi war. Och hei huet d’Police sech op d’Sich no de Schëllege gemaach, mee d’Sich ass negativ verlaf. Weider Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet an den Auto ass u seng rechtméisseg Besëtzerin zeréckgaangen.

E Mëttwoch den Owend gouf et iwwerdeems och nach een Iwwerfall op der Gare zu Heeschdref. Jugendlecher hätte sech do éischten Informatiounen no getraff, fir Kleeder ze verkafen, heescht et vun der Police. Deen Ament goufe si vun engem Mann ugegraff, dee si mat engem Messer menacéiert huet. Den Täter huet d’Kleeder an een Telefon geklaut an huet sech duerch d’Bascht gemaach. Och hei goufen Ermëttlungen an d’Weeër geleet.

An der Sich am Raum Rammerech, déi Mëttwoch vun der Police no engem Accident mat engem flüchtege Chauffer lancéiert gouf, hunn d’Beamten en Donneschdeg de Moien iwwerdeems Entwarnung ginn.

Back to Top
CIM LOGO