
Wéi et an engem Schreiwes heescht, géing et sech beim Tëschefall vun e Mëttwoch net ëm e banale Fait divers handelen, mä dëse géif sech an e méi breede Kontext vu Problematiken aglidderen, déi a Relatioun mam Encadrement vu Mineure mat Schwieregkeete stinn, virun allem, wat dësen hir Prise en charge an vun de jugendpsychiatresche Servicer géing ugoen.
Onglécklecherweis, sou de Parquet, hätte verschidde Mesuren, déi schonn decidéiert waren, net mat Zäit kéinten ëmgesat ginn. Dat, well et an de passende Strukturen u Plaze géing feelen.Déi mental Gesondheet géing eng entscheedend Roll bei der Entwécklung vun de Mineure spillen, mee déi aktuell Strukture kéinten net ëmmer eng adäquat Prise en charge vun dëse Situatioune garantéieren. Dëst wier keen neie Probleem, mee ee mat enger laanger Virgeschicht, deen no nohaltege Léisunge géing ruffen.
Am Bezuch op den Tëschefall vun e Mëttwoch seet de Parquet, dass déi aktuell strukturell Limitatiounen zu dëser Eskalatioun mat kéinte bäigedroen hunn, déi sech schliisslech an enger Attack mat enger Waff manifestéiert hätt. Déi juristesch Autoritéite géifen den Tëschefall weider analyséieren, fir en am Bezuch op d’preventiv Mesuren, déi zwar decidéiert gi wieren, awer wéinst engem Mangel u Plazen an enger spezialiséierter Institutioun net hätte kéinten ëmgesat ginn, ze evaluéieren. D’Sécherheet vun de betraffene Persounen an de Schutz vu Mineure géifen déi héchst Prioritéit bleiwen.
D’Procureur général d’état adjoint Simone Flammang huet am RTL-Interview erkläert, d’Justiz hätt d’Politik schonn dacks op déi strukturell Defiziter an der Prise vu Jonker mat mentale Problemer higewisen, mä de Problem géif bis elo net seriö genuch geholl ginn. Duerfir hätt een elo de Wee an d’Ëffentlechkeet gewielt.
Déi mental Gesondheet vun de Kanner a Jonken hätt sech besonnesch zanter der Pandemie verschlechtert. Et wier antëscht wierklech dramatesch, well ganz vill Jonker an hir Famillje mat affectéiert wieren. Ma et géif nach ëmmer u Plazen, souwuel am stationären wéi am ambulante Beräich feelen, bedauert d’Simone Flammang. Jonker, déi Hëllef brauchen, géifen doduerch Méint, wann net Joren ouni déi Hëllef bleiwen, déi se bräichten. Hei misst eng generaliséiert Léisung vun der Gesellschaft als Ganzt kommen, sou d’Procureur général d’état adjoint.
Dat mannerjäregt Meedchen, dat eng Schülerin mat engem Messer blesséiert hat, ass op Uerder vum Parquet an den Erwuesseneprisong op Schraasseg bruecht ginn. Déi spezialiséiert Unité de sécurité zu Dräibuer fir Mineuren ass chronesch ausgelaascht. Och dat ass net nei. Déi wier einfach ze kleng, betount d’Simone Flammang an da géif der Justiz näischt aneres iwwreg bleiwen wéi de Prisong zu Schraasseg, wann e Mannerjäregen an eng zoue Struktur soll placéiert ginn. Wat Lëtzebuerg kloer bräicht, wieren therapeutesch a forensesch Strukturen, sou d’Procureur général d’état adjoint. Eng forensesch Psychiatrie an Unitéiten fir de Suivi no engem Prisongsopenhalt ze maachen.