
Den Duerchschnëttsalter vun den Doudesaffer läit bei 83 Joer, d'Altersmediane bei 84,5 Joer. Vun den 102 Doudesaffer si 65% Prozent am Spidol gestuerwen. 56 Prozent si Männer a 44 Prozent si Fraen.
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vun 6 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganzen 3.894. Vun den Infizéierte sinn der 3.153 Residenten.
Vun den 3.894 Infizéierte sinn der mëttlerweil 3.610 geheelt, 182 Patiente sinn nach mam Coronavirus infizéiert.

Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 56.394 Tester gemaach, 979 Tester goufe bannent de leschte 24 Stonne gemaach.
Aktuell si 88 (+2) Patienten hospitaliséiert, 22 (+4) dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 886 (+3) Mënschen d'Spidol nees verloossen.

