
Bei den Infektiounen ass et bannent de leschte 24 Stonnen eng Hausse vu 6 positiv geteste Patienten. Dat sinn der elo am Ganze 4.046. Vun den Infizéierte sinn der 3.267 Residenten. Den Duerchschnëttsalter vun de Persounen, déi positiv getest goufen, läit bei 46 Joer.
Den Duerchschnëttsalter vun den 110 Doudesaffer läit bei 84 Joer, d'Altersmediane bei 84 Joer. 56 Prozent si Männer, 44 Prozent Fraen. 66 Prozent vun den Doudesaffer sinn an der Klinick gestuerwen.
Et goufen zënter dem Ufank vun der Kris 88.914 Tester gemaach. Vun e Méindeg op en Dënschdeg ass dat eng Hausse vun 680 Tester, vun deene wéi gesot 6 positiv waren.
Am Rapport vun der Santé ass ze liesen, dass et nach 34 aktiv Infektioune ginn an 3.902 Persoune gëllen als geheelt.
Aktuell si 29 (+1) Patienten hospitaliséiert (dorënner och Verdachtsfäll), 2 dovun op der Intensivstatioun. Am Ganze konnte bis ewell 935 Mënschen d'Spidol nees verloossen.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,780. Dat bedeit, datt eng Persoun, déi de Virus kritt, am Duerchschnëtt manner wéi eng aner Persoun infizéiert.
