
61 Betriber hu fir de Mount Abrëll eng Demande fir Kuerzaarbecht gemaach. Dat sinn der 10 méi wéi nach am Mäerz. 51 vun den 61 Demandë kruten eng positiv Äntwert. Déi Chifferen deelt de Wirtschaftsministère via Schreiwes mat, nodeems de Konjunkturcomité um Dënschdeg ënnert der Presidence vum Wirtschaftsminister Lex Delles an dem Aarbechtsminister Marc Spautz zesummekoum.
Donieft gouf analyséiert, wéi vill vun de Betriber, déi am Dezember zejoert eng Demande op Kuerzaarbecht gemaach hunn, dës och wierklech genotzt hunn: vun 52 autoriséierte Demanden hunn 38 effektiv drop zeréckgegraff. Am Endeffekt hunn 845 Salariéen tatsächlech manner geschafft. D’Käschte fir de Fonds pour l’emploi louche bei ronn 538.000 Euro, also manner wéi am Mount virdrun.
Déi nächst Sëtzung ass fir den 21. Abrëll 2026 geplangt.