CGDIS68 Patienten, dorënner 1 schwéier Blesséierten, um Nuetsmarathon behandelt

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 200 fräiwëlleg Pompjeeën an Professioneller vum CGDIS waren tëscht Mëttes hallwer 3 an owes 1 am Asaz.
68 Patienten um Nuetsmarathon behandelt
Iwwer 200 fräiwëlleg Pompjeeën an Professioneller vum CGDIS waren tëscht Mëttes hallwer 3 an owes 1 am Asaz.

Den ING Marathon ass een Treffpunkt fir Sportler an Nuetseilen. Déi eng freeë sech, fir eng sportlech Erausfuerderung ze hunn, déi aner si frou, wann nees endlech eppes lass ass an der Stad. Fir d’Ekippe vum CGDIS och eng Zort vu Marathon. Hir Erausfuerderung: ëmmer do sinn, wou si gebraucht ginn. Et ass ee Concours, bei deem Freed a Leed no beienee leien a wou et op eemol ganz séier ka goen. Deen ee Moment bréngt een Héchstleeschtung, de Moment duerno spillt de Kreeslaf net méi mat. Genee dofir sinn d’Ekippe vum CGDIS preparéiert De Colonel Tom Barnig ass Responsabel fir de ganzen Asaz. Am Ganze si ronn 250 Persounen am Dispositif fir den ganzen Owend.

Virun allem um Enn vum Marathon hätte vill Leit Schwieregkeeten. Dann hëlt den Adrenalin of, deen ee beim Lafe kritt. Fir all Patient sinn si awer preparéiert. Et geet och dorëms, d’Klinicke fräi ze halen, dofir ginn déi kleng Saachen op der Plaz gepléischtert.

Dëst Joer goufen et manner Umeldungen, 12.000 Leefer sinn ugetrueden. Een Trend, deen een a ganz Europa gesäit. Déi Responsabel gesinn d’Ursaach bei der Pandemie, verbonne mat der Onsécherheet, ob esou een Event wäert sinn oder net.

A Saache Blessure war et och ee rouegen Owend am Verglach zu anere Joren. De Bilan vum CGDIS sinn 68 Interventiounen, dovunner 56 Leefer. Eng Persoun, huet missen an d’Spidol bruecht ginn. Dëst Joer war et däitlech manner waarm, dofir goufen et awer méi Ënnerkillungen, grad well d’Temperaturen net esou héich waren.

Mee och soss gëtt sech nom Marathon ëm d’Leefer gekëmmert. Am Massagenzenter gëtt ee vu Kinéesstudente vun der Lunex traitéiert. Hei ginn et Massagë fir d’Been. Och wann dat de Muskelkater net fort zaubere kann, wär et awer eng Hëllef, esou erkläert eis eng vun de Studentinnen.

Relativ ongewéinlech ass de Coiffeurssalon no der Dusch. Déi Iddi war virun 11 Joer duerch ee Mëssverständnes entstanen. Nodeems den ING net méi an der Coque, mee an der Luxexpo ofgehale gouf, haten e puer Leefer dorop opmierksam gemaach, dass et keng Föne géif ginn.

Fir d’Joer drop sinn du professionell Föne vun engem richtege Coiffeur bestallt ginn. Um Enn ass dee mat enger ganzer Ekipp u geréckelt an zanterhier gëtt et um ING Nuetsmarathon net just eng Medaile fir d’Matmaachen, mee och eng Coiffure fir den Owend.

A wien 21 oder 42 Kilometer gelaf ass, méintlaang trainéiert an duerchgehalen huet bis op d’Arrivée, huet esou bësse verwinnt gi jo och verdéngt.

Back to Top
CIM LOGO