Zu Lëtzebuerg77,5 Prozent vun de Mënschen iwwer 5 Joer si komplett geimpft

Christophe Hochard
Och e Méindeg hat d'Zuel vun den Doudesfäll erféiere gedoen. 7 Mënschen, dei Covid-positiv waren, si vun e Freideg op e Sonndeg verscheet.
77,5 Prozent vun de Mënschen iwwer 5 Joer komplett geimpft
Och e Méindeg hat d’Zuel vun den Doudesfäll erféiere gedoen. 7 Mënschen, dei Covid-positiv waren, si vun e Freideg op e Sonndeg verscheet.

Eng Zuel, déi een awer relativéiere muss, déi an der Haaptsaach eeler Persounen sinn, déi éischter mam wéi um Covid gestuerwe sinn. De Christophe Hochard huet mam Regierungskommissär fir d’Spideeler geschwat, och iwwert den aktuellen Impftaux.

77,5 Prozent, dëst ass den aktuellen Taux vun der Populatioun hei zu Lëtzebuerg vun de Leit iwwer 5 Joer, déi ablécklech komplett geimpft sinn. No de verschäerfte Mesuren - 3G op der Aarbecht, 2G+ am Horeca-Secteur an ënnert anerem dem Fräizäitberäich - wär ugangs vun dësem Joer d’Zuel un Neigeimpften an d’Luucht gaangen. Dëst wier e Schratt an déi richteg Richtung.

Bis leschte Sonndeg goufen am Ganzen 1.254.229 Impfunge gemaach.

Ronn 477.000 Persoune goufe bis den 13.Februar 1 Mol geimpft. Zwou Dosissen hunn eppes iwwer 424.000 Mënsche gesprëtzt kritt. Eng zousätzlech Vaccinatioun, Booster-Impfung genannt, hu bis e Sonndeg iwwer 353.000 Leit kritt.

Den Ament klëmmt weiderhin d’Zuel u Leit, déi un oder duerch de Covid-19 stierwen. Viregte Weekend si 6 Mënschen um Coronavirus gestuerwen, dëse Weekend souguer 7. Dofir géifen et awer och Erklärunge ginn. Dëst wieren alles eeler Mënsche gewiescht, déi leider gestuerwe wieren.

D’Corona-Situatioun schéngt sech hei zu Lëtzebuerg lues mee sécher ze entspanen. An de Spideeler gëllt et awer, virsiichteg ze bleiwen.

Déi aktuell Omikron-Well kéint gebrach sinn. Fir sech virun engem schwéiere Covid-19-Verlaf ze schützen, spillt d’Impfung weiderhin eng wichteg Roll.

Back to Top
CIM LOGO