
D’Stad Lëtzebuerg liwwert Zuelen iwwert de Waasserverbrauch um Gebitt vun der gréisster Gemeng am Land.
8.415.537 Meterkibb Drénkwaasser goufen am Laf vun 2025 verbraucht.
Duerch technesch Verbesserunge wier den duerchschnëttlechen Dagesverbrauch pro Awunner an de leschten 10 Joer ëm 11% zeréckgaangen op elo 163 Liter.
Do ass dann alles mat dran, och de Verbrauch vun der Industrie, de Schoulen a Büroen oder de Schwemmen.
De Reseau zielt hautdesdaags iwwregens iwwer 447 Kilometer u Waasserleitungen, bei iwwer 700 km u Kanalisatioun.
An der grousser Kläranlag zu Beggen goufen zejoert, nom Filteren, iwwer 7.300 Tonnen Klärschlamm isoléiert, wouvunner déi ganz grouss Majoritéit an Däitschland verbrannt gëtt.