Nationale Commemoratiounsdag80. Joresdag vun dräi däischtere Momenter vun eiser Geschicht
E Sonndeg war den nationale Commemoratiounsdag, wou dëst Joer dräi Anniversaire geduecht gëtt, déi eis Geschicht am Fong markéiert hunn.
Commemoratiounsfeier zu Lëtzebuerg (9.10.22)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Et sinn elo 80 Joer hier, datt de Gauleiter Gustav Simon mat senger Proklamatioun vum August 1942 den Déngscht an der Wehrmacht fir Lëtzebuerger Jongen obligatoresch gemaach huet.
80. Joresdag vun däischtere Momenter vun eiser Geschicht
E Sonndeg war den nationale Commemoratiounsdag, wou dëst Joer dräi Anniversaire geduecht gëtt, déi eis Geschicht am Fong markéiert hunn.
Erënnert gouf deemno un déi méi wéi 10.000 zwangsrekrutéiert jonk Männer, mä och un déi iwwer 3.600 jonk Fraen, déi an de Reichsarbeitsdienst gezwonge goufen.
Virun 80 Joer sinn och d’Lëtzebuerger Leit an d’Schüler uechter d’Land an de Generalstreik getrueden, fir sech esou dëser Zwangsrekrutéierung ze widdersetzen. De Streik, deen den 31. August 1942 zu Wolz ugefaangen huet, war a bleift e staarkt Zeeche vu Solidaritéit, dat Ee sech an dësen Zäiten ëmmer nees virun Ae féiere kann.
2022 markéiert och den 80. Joresdag vun der Wannseekonferenz, eng Reunioun, an där d’Nazien de systematesche Genozid un de Judde beschloss hunn, also och un de jiddesche Matbiergerinnen a Matbierger aus dem besate Grand-Duché. Am Ganze hu siwen Deportatiouns-Convoie Lëtzebuerg wärend dem Krich verlooss.
Wéi d’Regierung an hirer Proklamatioun zum Sonndeg schreift, kritt den Nationale Commemoratiounsdag mam Krich an der Ukrain dëst Joer eng ganz aktuell Bedeitung. Fräiheet, Demokratie, a Fridde wiere Fundamenter vun eiser Gesellschaft, fir déi et sech loune géif, fir sech anzesetzen.
Commemoratiounsfeier an der Stad (9.10.22)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Commemoratiounsfeier zu Wolz (9.10.22)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Commemoratiounsfeier zu Weimeschkierch (9.10.22)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Den Dag aus der Perspektiv vu Schüler zu Wolz.
D'Schüler zu Wolz um Commemoratiounsdag.
E Sonndeg war den nationale Commemoratiounsdag, wou dëst Joer dräi Anniversairë geduecht gëtt, déi eis Geschicht am Fong markéiert hunn.