
Verspéidungen, Chaufferen, déi sech verfueren oder Clienten einfach iergendwou erausloossen oder Schwieregkeeten informéiert ze ginn: Kriticken um Adapto-Service fir Leit mat enger Beanträchtegung gouf et an der Vergaangenheet vill.
Dëse Freideg gouf am Transportministère eng Ëmfro presentéiert, déi en anert Bild zeechent. Vun de knapp 3.800 aktive User, hunn hei 80 Prozent vun de 600 Clientë vum Ruff-Busservice, déi mat gemaach hunn, uginn, datt se zefridde sinn. Mam Service allgemeng an och der Disponibilitéit. Verbesserungsbedarf gëtt et nach ëmmer bei der Formatioun vun de Chaufferen, der Kommunikatioun am Fall vu Retarden a Perturbatiounen an der Accessibilitéit um Telefon. Op all deene Punkte wieren a géife vill Efforte gemaach ginn, betount d’Transportministesch Yuriko Backes.
Zejoert hunn alles an allem 125 Persoune wéinst Tëschefäll wärend der Faart reklaméiert. Dëst Joer si bis ewell 15 Reklamatiounen erakomm. Ëm wat et sech do genee gehandelt huet, konnt op der Pressekonferenz net präziséiert ginn. Et géif een all Tëschefall ganz seriö huelen, huet d’Transportministesch Yuriko Backes ënnerstrach. Ënnert anerem dowéinst ass och vill an d’Formatioun vun de Chaufferen investéiert ginn. Déi gouf ausgebaut an och an de Kontrakter mat de Busentreprisë renforcéiert. An déi éischt Chauffere sinn och schonn deels domadder amgaang. Déi éischt Modulle si viru Kuerzem ugelaf, sou d’DP-Ministesch.

Parallel soll weider fir de Call-Center rekrutéiert ginn an awer och d’App nach méi accessibel ginn. Déi gutt Resultater vun der Ilres-Ëmfro wieren en Usporn, fir esou virunzefueren, versprieche se am Transportministère. Ëmmerhin hätt ee sech par rapport zu enger Etüd aus dem Joer 2024 wesentlech verbessert. Virun zwee Joer haten 69 Prozent gesot, si wieren zefridde mam Service. Wéi vill Leit bei där Ëmfro genee matgemaach hunn, ob déi zwou Enquêten also direkt mateneen ze vergläiche si vum Echantillon, konnte mer e Freideg de Moie leider net gewuer ginn.
Den Adapto gëtt et zanter 2008. De Busservice funktionéiert op Ufro an ass reservéiert fir Persoune mat engem Handicap, déi staark an hirer Mobilitéit ageschränkt sinn. All Client ka pro Joer, op Demande wéi gesot, hei am Land vun 360 gratis Trajete profitéieren.
D’Ilres-Etüd, déi presentéiert gouf, ass tëscht dem 9. September an dem 30. September zejoert bei 601 Clientë realiséiert ginn. Eppes iwwert duebel sou vill Leit ware vun den Ilres ugeschriwwe ginn. Beim Adapto gëtt et alles am allem 3.791 aktiv Clienten.
D’Leit konnte per Pdf, op Pabeier oder per Telefon äntweren.