Coronavirus zu Lëtzebuerg94 Fäll bei 8.410 Tester

RTL Lëtzebuerg
E Freideg huet d'Santé matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 818 bliwwen ass.
© RTL Archivbild

Aktuell sinn 17 Persounen hospitaliséiert, dovunner 3 op der Intensivstatioun.

Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 808 aktiv Infektiounen. 68.556 Persoune gëllen als geheelt.

Am Ganze goufe bis ewell 373.485 Dosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,85. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO