Op eise StroossenRettungsdéngschter op der A13 wéinst automateschen Alarm vun Handy ausgeréckt

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt an hirem Bulletin dräi Tëschefäll vum Sonndeg de Moien, wéinst deenen hir Ekippen op den Terrain geschéckt goufen.
© RTL-Grafik

Ugefaangen zu Mäerzeg "Um Knupp" géint 7:30 Auer. Hei gouf et e Feier an engem Chauffage. D'Ekippen aus der Nordstad, Mäerzeg a Groussbus waren op der Plaz.

Ronn zwou Stonne méi spéit sinn d'Ekippe vu Beetebuerg a Fréiseng erausgeschéckt ginn, dat wéinst engem Telefon, deen en Alarmsignal erausgeschéckt huet oder wéi si et am Bulletin nennen engem "déclenchement automatique téléphone mobile". Passéiert ass dat ganzt op der A13 a Richtung Péiteng. Als Remark am Bulletin ginn d'Ekippe vum CGDIS un, datt si en Handy, dee verluer gaange war an den Alarm ausgeléist hat, erëmfonnt hunn.

Wéinst engem Feier an engem Auto zu Bieles waren dann déi lokal Ekippe géint 10:20 Auer am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO