D'Pollesaison - mat de Bierkebeem fänkt se un a mat de Grieser am Summer hält si op. Bäissen d'Aen a leeft d'Nues, da stinn d'Chancë gutt, dass een allergesch ass. Dëst sinn zwee typesch Symptomer vun der Pollenallergie. "D'Pollesaison verleeft all Joers och aneschtes. Et gi Joren do gëtt et méi Pollen an der Loft. Wéinst dem Klimawandel kann een awer feststellen, dass et méi Polle gëtt. Deemno wou ee wunnt ginn et och Changementer. An enger Stad ass d'Pollekonzentratioun méi héich ewéi um Land", esou d'Annette Kuehn, Dokter an der Biologiefuerschung am LIH, dem Luxembourg Insitute of Health.
Beem stinn ënner Stress
An de Stied stinn d'Beem méi ënner Stress ewéi iwwer Land. "An de Stied ass vill méi Pollutioun. Et kënnt vun den Autoen. Déi Beem, déi dann am Stress sinn, ass an hirer Biologie da virgesinn, méi Pollen ze produzéieren".
Zanter bal 50 Joer géif d'Unzuel u Leit, déi mat der Pollenallergie geplot sinn, klammen. "Dat ass global esou". An de 70er Jore vum leschte Joerhonnert hätt et schonn en éischte Pick ginn. "D'Respiratoreschallergie wären do staark zur Geltung komm. Alles wat mat de Longen an der Nues ze dinn huet". Sou d'Annettte Kuehn weider.
Eis Ëmwelt gëtt méi aggressiv
Et ass méi waarm, méi dreschen. "Eist Immunsystem huet domadder och wierklech Probleemer. Dat hänkt vill vun eisem Liewensstil of. Wat mir iessen, wéi mir wunnen. D'Biodiversitéit ronderëm eis hëlt of. Eise Kierper ass dowéinst net staark genuch, fir sech géint déi Allergien ze wieren".
Enger aktueller Etüd no wären hei zu Lëtzebuerg iwwer 40 Prozent vun den Erwuessener vun enger Allergie geplot. "International gëtt festgehalen, dass bis 2050 all 2. Mënsch kéint mat enger Allergie ze dinn hunn".
Mengt een, et hätt een eng Pollenallergie, da soll ee Kontakt mat sengem Hausdokter ophuelen.
"De Mënsch reagéiert net op de Pollen u sech, mee op dat wat an dësem dran ass", sou Dokter Kuehn vum LIH. "Dat kënnt ganz einfach eraus an dofir kënnt et am Joer och ëmmer zu Picken, wou d'Leit méi staark op d'Polle reagéieren a méi Symptomer hunn". Op ganz verschidde Beemzorte reagéiert de Mënsch.
Nieft der Pollenallergie gëtt et och d'Allergie op Stëbs. "Am Stepps sinn net nëmme Milbe present, mee et reagéiert een och op Déierenhoer. Dat kënne Schimmelpilze sinn. An dat kann och ganz vill Symptomer ausléisen". Dëst erkläert d'Christiane Hilger. Si ass Dokter an der Biologiefuerschung och am Luxembourg Institute of Health zu Esch.
Zwou Etüde lafen an deem Kontext. Engersäits ass et eng europäesch Etüd. "Hei schaffe mir mat verschiddene klineschen Zentren aus 8 verschiddene Länner zesummen.
Da gëtt et nach Etüden iwwer Kanner, déi Asthma hunn. "Asthma ass och eng Krankheet, déi relativ heefeg ass. Bei Kanner an Europa si mir do bei 9 Prozent. Fir Lëtzebuerg ginn et do keng Zuelen. Dëst ass eng Etüd mat der Kannerklinik zesummen. Et gëtt awer och eng Zesummenaarbecht mat enger klenger Startup".
Duerch de Klimawandel géif d'Pollesaison mëttlerweil dacks schonn am Dezember, Januar ufänken.