Vum Klimabonus bis bei de "Leasing social" fir Elektroautoen: D'Regierung versprécht eng Energietransitioun, déi och fir vulnerabel Stéit ze stemmen ass. Mee kënnt dat wierklech bei de Leit un? Hu mer eigentlech aus der leschter Energiekris geléiert? A wou misst d'Regierung dréngend nobesseren?
Doriwwer schwätze mir e Méindeg de Moie mam Joëlle Welfring. Déi fréier Ëmweltministesch an Deputéiert vun déi Gréng ass kuerz no 8:00 Auer eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.