Déi sougenannte "Jonk Lénk" suergen den Ament an de soziale Medie fir vill Opreegung. Mat ganz drastesche Parollen zéie si ganz vill Kritik op sech.

Während vill Lëtzebuerger Nationalfeierdag gefeiert hunn, hunn déi "Jonk Lénk" parallel dozou en "antinationaalt Fest" gefeiert, bei deem de Grand-Duc an och Lëtzebuerg nawell béis vernannt goufen: "Féck de Grand-Duc" an "Féck Lëtzebuerg".

Facebook-Post vu "Jonk Lénk"

De Grupp vu Jonker, dee sech op Facebook an op sengem Internetsite  "Jonk Lénk" nennt an den Ament fir déi Polemik suergt, ass awer net d'Jugendorganisatioun vun "déi Lénk", déi heeschen nämlech "déi Lénk Jeunes". Et géifen zwar Kontakter ginn, esou den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum op RTL-Nofro, ma strukturell hätt een näischt mateneen ze dinn. Op d'Aussoen ugesprach, sot de Marc Baum, datt hie sech perséinlech anescht ausgedréckt hätt, ma déi "Jonk Lénk" wieren ebe jonk an dierften och rebellesch sinn.

RTL
RTL
AUDIO: Affaire Jonk Lénk / Reportage Joel Detaille

"Mir feieren haut géint d'Natioun, Monarchie a Kapital

Féck de Grand-Duc!
Féck Lëtzebuerg!
Féck de Kapitalismus! "

Dat ass en Zitat vun enger Ried, déi déi Jonk Lénk op hirer Facebook-Säit publizéiert hunn.
Fir vill Leit en absolute No-Go. De Géigewand, deen déi jonk Lénk op Facebook a Co an d'Geschicht geblose kruten, war enorm. Souguer vun Doudesmenacen ass riets.

Eng jonk Fra, déi Member bei Déi jonk Lénk ass, awer net mat Numm wëll genannt ginn, huet eis am RTL-Interview den Hannergrond vun där Ausso esou erkläert.

Déi Riet huet een deen Owend selwer op där Party gehalen. Déi zwee "Sätzelcher" sinn am Kontext vun deem ganzen Text ze verstoen an net just erausgeholl. Et ass am Text dorëms gaangen, datt déi jonk Lénk géint d'Natioune sinn, géint d'Monarchie sinn,  datt si ganz einfach de ganze kapitalistesche System hannerfroen. Datt dat awer elo vun de Rietsen an de Leit aus der Mëtt esou erausgepickt gëtt, weist am Fong just, datt ee sech net mam ganzen Inhalt wëll beschäftegen, mä ganz einfach eppes wëll eraussichen, fir dann dorobber kënnen ze klappen.

De Sproochgebrauch vum 'Féck de Grand-Duc' huet an de soziale Medie besonnesch vill Leit brüskéiert. E gewolltene Choix awer, fir bewosst an enger soi-disant Jugendsprooch drop hinzeweisen, dass een d'Wäerter vu Nationalfeierdag net deelt.

Et ass polemesch ausgedréckt, ma dee ganze "Vive Lëtzebuerg", "Vive de Grand-Duc" ass jo och net einfach "Jo de Grand-Duc", "Jo Lëtzebuerg", mä et ass jo och e Feieren dovunner. An déi jonk Lénk soen einfach, "Nee, mir feieren de Grand-Duc net".

An dofir wéilt een sech och net rechtfertege mussen. Mat der Hausbesetzung op der Gantebeensmillen wollt een och symbolesch op d'Wunnengsproblematik am Land opmierksam maachen. E Message deen, nieft den aneren, wuel duerch déi eegewëlleg a vläit ze krass Ausso zum Schluss, ënnergaang ass.

An ënnergaang wier dee Message och, fënnt de Chamberpresident Mars Di Bartolmeo.
Den éischte Bierger am Land hu mer e Méindeg de Mëtteg no senger Meenung gefrot, wéi hien déi Ausdrocksweis fënnt, déi hei vun déi Jonk Lénk gebraucht ginn ass.

Vun engem Selbstgol huet de Mars Di Bartolomeo geschwat, well hir eigentlech Messagen doduerch ënnergaang wieren.

D'Kommunikatioun spillt ëmmer eng méi wichteg Roll an et muss een oppassen, wéi een déi Kommunikatioun notzt. Et gëtt ganz dacks vun der Ausdrocksweis vun Extremiste geschwat an et muss een oppassen, datt een d'Extremisten net imitéiert. Och wa fir de Mars di Bartolomeo d'Meenungsfräiheet "helleg" ass, besteet dat Wuert awer aus zwee Wierder: Meenung a Fräiheet. An engem seng eege Fräiheet hält do op, wou enger anerer Persoun hir ufänkt. A Beleidegunge si fir den éischte Bierger am Land net déi richteg Form vun Ausernanersetzungen.

AUDIO: Extrait Mars di Bartolomeo

Alternativ Feieren zu Nationalfeierdag, sou wéi se eben op der Gantebeensmillen organiséiert gouf, doriwwer kéint een schwätzen, allerdéngs dann w.e.g an engem Toun, deen keen desavouéiert, sou nach de Mars Di Bartolomeo.

Et gëtt dann och scho weider Reaktiounen, zum Beispill vun der Initiativ Wee2050 / Nee2015, déi op hirem Facebook-Site fannen, dass déi Jonk Lénk sech mat esou Aussoen an den "extremisteschen, populisteschen Eck" géinge setzen.

Facebook-Post vu Wee2050/Nee2015

Dës Kritik gouf och vu ville Leit gedeelt, ënnert anerem och vum ADR-Politiker Fernand Kartheiser.

E Sonndeg den Owend hunn déi Jonk Lénk per Communiqué reagéiert an erkläert, wisou esou drastesch Wieder fir Nationalfeierdag benotzt gi sinn:

Iwwerraschung: Jonk Lénk ass géint Natioun a Monarchie.

Wéinst der Kritik vu Jonk Lénk u Nationalfeierdag huet sech eng gréisser Zuel u Politiker*innen awer och u FB-Kommentator*innen zu Wuert gemellt.

Et handelt sech jeeweils ëm ee kënschtlecht Opreegen iwwert déi vun eis verwennte Wierder. Um Enn vun engem vun eise villen Texter zu Nationalfeierdag hu mir eis Kritik un der Monarchie an dem Nationalstaat als Géigenruff zum fuerchtbaren "Vive de Grand-Duc a Vive Lëtzebuerg" zesummegefaasst. Ween sech elo iwwer "Féck de Grand-Duc a Féck Lëtzebuerg" opreegt weist just, dass hatt*hien sech net mat eiser inhaltlecher Kritik ausernaner setzen wëll. Et ass eng falsch a spiesseg Panik.

Mir kritiséieren d'Feier vum Monarche-Gebuertsdag an vun der Natioun, well et fir eis net richteg ass, dass de Patriotismus gefërdert gëtt, wa parallel uechter Europa an uechtert d'Welt d'Gefor vum Nationalismus zouhëllt an Leit géinteneen ausgespillt ginn. Kritik u Patriotismus ass Flicht, genee sou wéi d'Hiweisen op de Schued an dat Leed, dat d'Lännergrenzen uriichten. Wa mir soen "Féck Lëtzebuerg" dann fuerdere mir, dass eng Natioun, eng Nationalitéit, ee Gebuertsuert keng Roll spillen an net d'Basis sinn däerf fir dat et verschiddene Leit besser geet wéi aneren. Wa mir soen "Féck de Grand-Duc" dann fuerdere mir, dass mat deem Kult ronderëm d'Monarchie opgehalen gëtt, deen just den Zweck huet eng kënschtlech Identitéit fir d'Land ze schafen.

Um Virowend vun Nationalfeierdag hu Jonk Lénk ënnert dem Motto "No Border - No Nation" een Antinationalt Fest gefeiert. Fir dës Occasioun gouf dat iwwer 15 Joer eidelstoend Gebai bei der Gantenbeinsmillen a Stand gesat a fir een Owend besat. Dräi Wochen laang hunn iwwer 20 Membere vum Grupp dorunner geschafft. D'Fest gouf net just zum Ausdrock vun enger aktiver Géigekultur zu Lëtzebuerg a fir d'Kritik um Party-Patriotismus, mee huet gewisen, dass Alternativen och praktesch ëmsetzbar sinn. Och aus der Grenzregioun si Leit op d'Fest komm, zB.

iwwer 30 Leit aus Tréier an eng Band aus Nancy. Déi schwedesch Hardcore-Band Waste huet extra eng weider Statioun op hirer Europa-Tour ageluecht fir zu Lëtzebuerg spillen ze kënnen.

Encadréiert gouf d'Fest duerch politesch Messagen. Banneren op de Fassadë vum Gebai, Texter, Konschtwierker a Gedichter bannen un de Wänn, Infomaterial (Dorënner eist neit Zine zum Thema Nationalismus), politesche Statements déi verlies goufen an ee Konzept, wat eise Virstellunge gerecht gouf: Vegant Iessen, Gratis Entrée, Anti-Sexismus-Sensibiliséierung.

Dass kaum vu Medien a Politik op eist Fest selwer reagéiert gouf wor ofzegesinn. Dass elo awer eng gréisser Zuel vu Politiker*innen a Medien sech iwwert de Wee vun engem Facebook-Post vum nationalistesche Grupp "Nee2015" fir véier, aus dem Kontext gerappte Wieder, aus engem vun eisen Texter interesséieren, ass lächerlech. Et weist, dass et a ville politesche Lager (vum Marc Ruppert iwwert de Fränk Kuffer bis zum Fernand Kartheiser) dorëms geet, sech als Patriot*innen z'inszenéieren a beim rietse Wahlvollek ze punkten. Doduerch gëtt den politeschen Diskurs insgesamt no riets gezunn, eng Tendenz, déi een zanter dem Referendum vill méi dax bemierkt.

Mir si sécher, dass d'Diskussioun ausserhalb vun deenen mediatiséierten Politiker*inne-Kommentarer wesentlech méi Déift kritt. Vill Leit wëssen, dass et mat Nationalismus och hei keng Zukunft gëtt.