Dat huet den Invité um Plateau Dr. Erik Schneider, Matgrënner vun der Associatioun Intersex & Transgender Luxembourg asbl, e Samschdeg gefuerdert.
Et ass en Themeberäich, deen an der Bevëlkerung nach relativ onbekannt ass: Intersex respektiv Intersexualitéit. Et geet hei ëm Mënschen, bei deenen - de medezinesche Standarden no - bei der Gebuert net eendeiteg e männlecht oder weiblecht Geschlecht ka festgestallt ginn. Betraffener géifen dacks onglécklech an onzefridden opwuessen, heescht et. Dat awer net, well se als sougenannten "Zwitter" op d’Welt kéimen, mee éischter well si schonn als Bëbeeën an eng Richtung operéiert géife ginn, fir eben de medezineschen Normen z'entspriechen.
Wéi d'Daniela Truffer am Juni 1965 op d'Welt koum, war séier kloer, dass bei hir eppes anescht wier. D’Fra vun Zürich gouf als intersexe Mënsch gebuer. Mat 12 Joer huet si ugefaange weiblech Hormoner ze huelen. Nach haut huet si massiv gesondheetlech a psychesch Problemer.
Och haut nach géife vill Doktere betraffen Elteren net richteg opklären an hinnen zu enger scheinbar banaler Operatioun roden, fir aus hirem intersexe Kand e souzesoen normaalt Kand ze maachen. Praktiken, déi een esou net méi dierft toleréieren a géint déi een och juristesch misst kënne virgoen.
En Zil ass et awer och d'Thematik allgemeng méi bekannt ze maachen an ze sensibiliséieren. Dowéinst gouf an de leschten Deeg eng Formation continue fir Léier- an Erzéihungspersonal hei zu Lëtzebuerg organiséiert. Hei kruten d’Educateuren an d’Enseignante Rotschléi wéi een Intersexualitéit kannergerecht kann erklären a wéi een domat och den Tabu bësse brieche kann.
E Samschdeg den Owend war dann och den Dr. Erik Schneider, Psychiater a Matgrënner vun der Associatioun Intersex & Transgender Luxembourg a.s.b.l, am Journal op der Tëlee um Plateau, fir iwwert dëst Thema ze schwätzen.
Genee Zuele, wéi vill Kanner pro Joer ouni eendeitegt Geschlecht op d'Welt kommen, ginn et net. Fir den Ament ginn et nëmmen Héichrechnungen an do geet een dovunner aus, datt 1 op 500 respektiv 1 op 1000 Kanner Operatiounen ausgesat sinn, deene si net zougestëmmt hunn an déi si schiedegen.
D'Kanner géinge gesond op d'Welt kommen, duerno géingen se dann operéiert ginn an da géingen eréischt d'Problemer optrieden, esou den Dr. Erik Schneider. D'Problemer sinn no den Operatioune villfälteg. Dat geet vun Inkontinenz iwwer Hormonstéierunge bis bei psychesch Traumatiséierungen.
Intersex-Organisatiounen hunn dann och ganz kloer Fuerderungen, sou den Dr. Erik Schneider. Et misst een onbedéngt ophale mat deene medezinesche Moossnahmen, wann déi betraffe Persounen net mat decidéiere kënnen a wann ee Stopp net respektéiert gëtt, da misst et Sanktioune ginn, sou de Matgrënner vun der Associatioun Intersex & Transgender Luxembourg a.s.b.l..