2 mol an der Woch kann ee mat Ryanair vu Mäerz u vu Lëtzebuerg op Sevilla fléien. Dat huet d'Bëllegfluchgesellschaft um Dënschden de Moien annoncéiert.

Fir dëst ze feieren, bitt d'Fluchgesellschaft Plaze fir 19,99€ un, soulaang der genuch do sinn, dëst tëschent Mäerz a Mee, mee leider net vum Findel aus. Dëst gëllt fir d'Wantersaison.

Domat erweidert Ryanair seng Offer zu Lëtzebuerg. Aner Destinatioune sinn: London Stansted, Barcelona El Prat, Lissabon, Madrid, Mailand Bergamo a Porto.

Weider Informatioune fannt Dir op www.ryanair.com