No Kontrolle konnt awer Entwarnung gi ginn - et besteet keng Gefor, trotzdeem bleift d'Gebai e Méindeg zou.

E Méindeg de Moien um 6.56 Auer goufen d'Hesper Pompjeeë vum 112 alarméiert. Den 112 selwer vun de Responsabele vum Schoulsite avertéiert ginn: Duerch Aarbechten um Injecteur vum Chlor an der Schwämm war duerch en Accident eng Mëschung entstanen, déi ätzend Gase fräigesat huet.

D'Schoul ass direkt komplett evakuéiert an d'Prozedur "Gestion des incidents" vun der Gemeng Hesper ass direkt declenchéiert ginn.

Beim Asaz gouf ee Mataarbechter vun der Gemeng liicht blesséiert a vun der Ambulanz an d'Spidol transportéiert ginn.

D'Pompjeeë sinn mat schwéierem Otemschutz an d'Gebai gaangen, fir Miessungen ze maachen a fir de Container mam Chlor an deem anere Gemësch ze sécheren.

D'Pompjeeën hunn iwwer den 112 eng Spezial-Unitéit ugefrot, fir nach spezifesch Analyse vun deem Gemësch op der Plaz ze maachen.

Den Inspekter vun der Zon an d'Direktioun vun da Santé goufen iwwert de Virfall informéiert.

Den concernéierte Container gouf vun de Pompjeeë securiséiert, d'Gebai gouf mat Ventilatoren gelëft.

No neien Miessungen, déi näischt méi ugewisen hunn, ass d'Gebai an Zesummenaarbecht mam Inspekter, mat der Santé an de Pompjeeën nees fir d'Schoul fräi ginn.

D'Schwämm selwer bleift awer e Méindeg bis op Weideres zou.

Op der Plaz waren: Pompjeeë vun der Gemeng Hesper, Beruffspompjeeë mam Chimie-Schutz-Container, Direktioun vun der Santé, Police an d'Directrice vun der Schoul.