Misogynne Contenuen an de soziale Medien: Wa Fraenhaass nees cool gëtt
All véiert Fra ass an hirem Liewen eng Kéier Affer vu sexualiséierter Gewalt ginn.
“Würden wir am Ende eines Jahres eine Schweigeminute für jede von ihrem Partner oder Ex ermordeten Frau halten, schwiegen wir über zwei Stunden“, liest d’Christina Clemm Ufank November aus hirem Buch “Gegen Frauenhass” fir. D’Liesung ass vum CID Fraen a Gender organiséiert. D’Christina Clemm ass eng däitsch Schrëftstellerin an Affekotin a vertrëtt vill Affer vu sexueller Gewalt. An hirem Buch erzielt si d’Geschicht vun enger Fra, déi vun hirem Partner no Jore voller Gewalt ëmbruecht gëtt a stellt sech d’Fro, firwat et esou vill Gewalt géint Frae gëtt.
“Und Frauenhass ist dann die Frage: Geschieht das aus Frauenhass oder geschieht das aus anderen Gründen, weil diese Beziehung so schrecklich war oder dieser Mann. Und ich würde sagen Frauenhass ist nicht eine plötzlich aufkommende Emotion. Sondern das ist eine tiefsitzende Frauenverachtung. Die wir alle, übrigens auch Männer und Frauen von frühster Kindheit erlernen. Die uns gefangen hält in diesem Geschlechterverhältnis und in dieser Möglichkeit Gewalt gegen Frauen auszuüben.”
All véiert Fra ass an hirem Liewen eng Kéier Affer vu sexualiséierter Gewalt. D’lescht Joer waren dräi Policeinterventiounen den Dag wéinst Gewalt am Stot zu Lëtzebuerg. 81 Prozent vun den Affer ware Fraen. D’lescht Woch war d’Andrée Birnbaum vu Femme en détresse als Invitée vun der Redaktioun am RTL Interview an huet een éischten Androck vun den Zuele vun dësem Joer ginn. Et wär een elo schonn op den Zuele vum leschte Joer. “Am Moment sinn d’Expulsiounen effektiv ee gudde Krack an d’Luucht gaangen”, esou d’Direktesch vu Femme en détresse, Andrée Birnbaum.
Fraerechter huelen of
D’Christina Clemm mierkt och, dass een Aart Backlash, ee Réckschrëtt gesäit, wann et ëm Fraerechter gëtt. Respektiv wéi doriwwer geschwat gëtt: “Wir haben unglaublich frauenfeindliche Narrative. Und das hat sich so gekehrt, wenn ich zum Beispiel erkläre, dass eine Frau nicht sofort Anzeige erstattet hat, weil sie sich geschämt hat, dann sagt sofort ein Verteidiger 'Ja warum?' Heutzutage schämt sich doch niemand mehr, nur weil sie vergewaltigt worden ist. Das gehört sich doch für jede Frau in ihren Lebenslauf zu behaupten, dass sie vergewaltigt worden sei. Das meine ich mit Backlash, dass einfach Narrative wieder möglich sind, die also da glaube ich hätte man vor 10 Jahren gestockt.”
De Fortschrëtt a Saache Fraerechter an dem Wuelbefanne vun de Frae stagnéiert global, dat seet deen aktuellste Women, Peace and Security (WPS)-Index, deen am Oktober zu New York virgestallt ginn ass.
© RTL
D’Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International kuckt och besuergt op de President vun Argentinien, de Javier Milei. Hie gesäit am Feminismus ee grousse Probleem an huet zum Beispill de Fraeministère ofgeschaaft. Wéi den Donald Trump d’Walen zejoert gewonnen huet, ass den Hashtag “YourBodyMyChoice” - iwwersat esou vill wéi "däi Kierper mäi Choix" - op de sozialen Netzwierker "getrend". Dat heescht, en ass immens vill benotzt ginn. An d’Liewe geruff gouf dësen Hashtag vun engem fir seng rietsextrem Inhalter bekannten Influencer, dem Nick Fuentes.
Wéi eng Roll spillen d’Sozial Reseauen?
Een globalen Trend, dee sech och op de soziale Reseauen weist. Op X, Instagram, Youtube an TikTok ginn et aktuell zwee Trends, déi ganz ënnerschiddlech Zilgruppen hunn, awer de selwechten Effekt: Si feieren ee Réckgang op traditionelle Geschlechterrollen. Een Trend sinn zum Beispill Influencer, wéi den Andrew Tate oder den Nick Fuentes, déi Videoen iwwert ee ganz stereo-typescht Männerbild ofginn an den Ursprong vu ville Probleemer am Feminismus gesinn. Een aneren Trend sinn déi sougenannten Tradwives.
Beim sougenannten "Trad Wife"-Trend handelt et sech ëm jonk Fraen, déi nees vermeintlecht ganz traditionell Geschlechterrollen unhuelen an dat op Social Media posten. Si këmmere sech ëm d’Kanner, präparéieren d’Iessen, fir wann de Mann Owes vun der Aarbecht kënnt, an zerwéieren hie gutt gelaunt. De Mann bréngt d’Suen, d’Fra këmmert sech ëm den Haushalt. Et ass eng Rollenopdeelungen, déi een un d’50er Joren erënnert. Wat op den éischte Bléck harmlos kléngt, ass hannert de Kulisse méi problematesch.
“Ech si ganz éierlech, wann eng Koppel sech dofir entscheet, ass dat ok. Awer wann do een Zwang hannendrun ass, dat ass dat, wat mir kritiséieren”, erkläert den Alex Carneiro vum Service infoMann vun der acttogether asbl. Si këmmere sech ëm Männer a bal alle Liewenslagen. Dorënner zielen och Theme wéi d’Rolleverdeelung.
"D’Rollebildung an enger Partnerschaft, Ekippen-Teams si wichteg, awer si solle mateneen ofgeschwat sinn an ofgekläert sinn", präziséiert hien. Aktuell gëtt et vun InfoMann zu Schëffleng am Park Léonie Koullen eng Expo zum Thema “Un vrai homme”, deen déi klassesch Klischeeë vu Männer a Fro stellt.
Well och wann et an deene Videoen esou wierkt, wéi wann déi Influencer déi Rolle vun der ënnerwierfeger Hausfra gäre spillen. Si sinn anescht, wéi hir Videoe suggeréieren, beruffstäteg andeems si déi Videoe maachen. An dat a ville Fäll ganz erfollegräich.
23 Minutte bis zum éischte fraefeindleche Video
Grad Jonker kréien esou Videoe vill ugewisen. Och wa si net aktiv duerno sichen, seet d’Karin Weyer vu Respect.lu, dem Centre contre la radicalisation: “Esou Videoe gi gekuckt, déi si bekannt bei esou Jonken, déi bei eis geschéckt ginn. Déi kennen déi alleguerten, mä mir wëssen och aus Etüden oder selwer Experimenter, dass een op misogyn Contenuer, dass een, ech mengen et ass eng iresch Etüd, déi seet, dass een no 23 Minutten, dass ee wann ee bei TikTok agëtt, ee jonke Mann, dann huet ee spéitstens misogyn Contenuen. Also jo si sinn domadder konfrontéiert, an si ginn et net sichen. Et gëtt hinne präsentéiert.”
D’Videoe polariséieren a gi vill kommentéiert an dat gefält dem Algorithmus. Vill Jonker sinn op der Sich no Identitéit a fille sech dann och ugeschwat. "Dann ass dat een Angebot dat engem eng Identitéit ubitt. Esou kéint dat ausgesinn. Wann s du als Mann, Fra liefs”, esou d’Karin Weyer, “Ech géif och soen, déi Biller sinn och Männerfeindlech. Well och déi extrem ageschränkt sinn an op eng Plaz an der Gesellschaft limitéiert sinn an sech och net fräi entfale kënnen“.
Deen Trend zur Retraditionaliséirung géif een zanter der Pandemie gesinn. Trotzdeem ginn et och positiv gesellschaftlech Entwécklungen. Iwwert déi lescht Joerzéngten ass vill erreecht gi fir d'Fraerechter.