Si hunn net direkt eppes mat der Police ze dinn an awer si si d'Police vun der Police!

Si sinn en onofhängege Service, deen ausserhalb vun der Police ass. D’IGP ass dem Ministère vun der banneschter Sécherheet ënnerstallt. Si sinn dat externt Kontroll-Organ, dat d'Police kontrolléiert an iwwerwaacht. Ëmmer wann et zu engem Tëschefall kënnt, an deem een oder méi Polizisten dra verwéckelt sinn, da maachen d'Enquêteure vun der IGP hir Enquête, "à charge et à décharge". Si hunn déi selwecht Mëttel, fir ze enquêtéieren, wéi eng Police Judiciaire.

D’IGP ass awer och e Service un de Bierger. Wann zum Beispill eng Persoun d'Impressioun huet, si wär vun der Police net richteg behandelt ginn, da kann déi bei d’IGP goen an eng Reklamatioun maachen, wou et dann och erëm zu enger Enquête kënnt.

D’IGP besteet aus 24 Leit. Un der Spëtzt steet zënter 2015 d'General-Inspektesch Monique Stirn, e fréiere Magistrat, déi laang als Untersuchungsriichter geschafft huet.

D’IGP kommunizéiert net iwwer déi lafend Fäll, déi an de leschte Wochen a Méint an der Aktualitéit waren, well si dem secret d’instruction ënnerleien a sech strikt un de Code vun der penaler Prozedur halen.

Och der Press géigeniwwer war bis ewell d’IGP ëmmer ganz diskret. Am Magazin awer, krute mir e ganz exklusiven Abléck an d'Fonctionnement an hannert d'Kulisse vun der General Inspektioun vun der Police.