Campagne vu Police an ACL: Sou kommt Dir sécher an d'Vakanz
D'Vakanzenzäit ass geschwënn agelaut a vill Leit zitt et an de Süden. Police an ACL hunn e puer Tipps, wéi ee manner gestresst an de Congé kënnt.
De 14. Juli ass och dee leschte Schüler erëm erléist an d'grouss Vakanz fänkt un. Vill Leit freeë sech elo scho fir sech mam Auto a Richtung Süden ze maachen, mä dacks verbréngt een den Dag am Stau op der Autobunn. Déi Roserei ass liicht ëmgaangen, andeems een den Traficinfo nokuckt, réit de Frank Maas vum Automobilclub. Vill Malheure kann ee scho verhënneren, ier ee fort fiert. Et fänkt scho mat de Pabeieren un: Führerschäin, Carte d'identité an Assurance sollten nach valabel sinn an am beschte mécht een och eng Kopie dervun, am Fall wou ee se ënnerwee verléiert. An och den Zoustand vum Auto a wéi een den Auto beluet, sinn net egal.
Déi schwéier Wallisse kommen ënnen an den Auto, déi liicht drop. De Schwéierpunkt vum Auto sollt een sou niddereg wéi méiglech halen.
Am beschten, et léisst een nach eng Kéier nom Auto kucken, ier een eng gréisser Streck zeréckleet. Dofir bitt den ACL extra e Vakanzen-Test un, deen een op Rendez-vous maache kann. Ma leider geschitt heiansdo awer eng op der Autobunn an da gëllt et, sech u verschidde Grondreegelen ze halen, fir sech net onnëtz a Gefor ze bréngen.
Huet een eng Pann oder en Accident, soll een déi 4 Winkeren umaachen, op d'Pannespur fueren, seng Warnwest schonn am Auto undoen an dann am beschten net zu der Säit vun der Fuerbunn erausklammen. Duerno soll ee sech dann och hannert d'Leitplank stellen an och näischt beim Auto oder bei der Autobunn maachen.
Sécherheet ënnerwee, awer och doheem
Ma net just d'Saachen, déi ee mat op d'Rees hëlt, solle gutt versuergt sinn, mä och alles, wat een Doheem gelooss huet. Sou réit den Kommissär Tim Pauly vum Preventiounsservice, dass een den Nopere Bescheed seet, ier een an d'Vakanz fiert, well déi sinn déi beschten Alarmanlag.
Si kënnen d'Bréifkëscht eidel maachen, d'Dreckskëscht erausstellen oder heiansdo hiren Auto an d'Afaart stellen, fir dass d'Haus méi belieft ausgesäit. Wann een elo awer net sou gutt op seng Noperen ze schwätzen ass, gëtt et nach eng aner Méiglechkeet.
Et kann ee bei der Police mellen, dass een an d'Vakanz fiert. Um Internetsite vun der Police kann een dofir e Formulaire ausfëllen oder et mellt een et a sengem Kommissariat an der Géigend.
Selwer muss ee sech awer och un e puer Mesuren halen. Sou soll een zum Beispill keng Bijouen oder Wäertsaachen oppe leie loossen, mä alles an e Safe aspären an op kee Fall Fotoe vun der Vakanz op de sozialen Netzwierker posten. Well d'Abriecher sinn och do ënnerwee.