Lues a lues kënnt – 3 Méint duerno – méi Liicht an den déidlechen Accident vu Lausduer.

Do war jo an der Nuecht vum 13. op de 14. Abrëll e Polizist gestuerwen a seng Kollegin ganz schwéier blesséiert gi bei enger Course-Poursuite. Si waren engem Audi-Chauffeur nogefuer, dee sech enger Kontroll entzunn hat. Iwwer deen Accident, an deen zwee Police-Ween verwéckelt waren, gëtt et elo ëmmer méi Detailer.

AUDIO: Neies iwwert den Accident zu Lausduer/Reportage Nico Graf

An zwar, well vill Zeien dem Opruff vum Dikrecher Juge d'instruction nokommen a sech als Zeie bei der Inspection générale mellen oder well déi Inspektioun vill schafft.

An anerer schaffe léisst.

Zum Beispill auslännesch Experten. Et waren – soe Leit, déi se gesinn hu schaffen - et ware Fachleit aus dem Saarland op der Plaz vum Accident a si hu gemooss a gerechent – ebe fir erauszefannen, wéi den Accident vun der Police-Camionnette mat deem aneren normale Police-Auto genee geschitt ass. Dat hate jo de Parquet an och den Affekot vum Audi-Chauffer gefrot – an esou ass et also geschitt. Iergendwéi gëtt et also gemooss a gerechent Kloerheet iwwer den Accident.

A wéi et zu all deem komm ass, och do gëtt et nei Detailer.

En Zeien huet ausgesot, hien hätt de ganzen Ufank vun der Saach matkritt. Ongeféier esou: Hien hätt vu Wäitem gesinn, wéi d'Poliziste bei der Verkéierskontroll nuets no 1 Auer op der Wämperhaart duerchernee gelaf wieren. Kuerz drop hätt hie gesinn, wéi d'Police-Camionnette mat bloer Luucht a voller Vitess lassgefuer wier an hannendrun de Police-Won, béid mat bloer Luucht an ouni Sireen. An engem Rond-point wier et dunn zu engem spektakulären Iwwerhuelmanöver komm: D'Camionnette wier normal riets duerch de Rond-point gefuer, de Police-Won awer wier lénks derduerch gerannt, hätt d'Camionnette also iwwerholl a wier mat voller Vitess weidergerannt.

Et war dee Police-Won, aus deem eraus d'Poliziste vun 2 Leit an engem bloe Skoda wollten Informatioune kréien iwwert de flüchtegen Audi. Och do nei Detailer. D'Polizisten hätten op der Héicht vu Lausduer mat hirem Auto hannert deem Skoda gehalen. A wéi se gewuer si ginn, datt d'Skoda-Leit den Audi net gesinn haten, hu se d'Kéier gemaach. Aus der Siicht vun de Skoda-Zeie wier dat esou gaangen: De Mann sot zu senger Frëndin, da fuer elo weider, a si hätt geäntwert, nee dohanne kënnt nach en 2. Policeauto mat bloer Luucht, mir waarden. A gläich drop hätt et gekraacht, den Accident tëschent den zwee Police-Ween war geschitt. Dat alles iwwregens nuets bei klorer Siicht a beschtem Wieder.

D'Explikatioun, firwat d'Camionnette e bësse méi spéit wéi de Police-Auto beim Skoda ukomm ass, wier déi, datt d'Beamten an der Camionnette nach kuerz nom Audi an der Uertschaft Wäisswampech gesicht hunn.

De Chauffeur vun der Camionnette hätt iwwregens kuerz virum Accident nach eng Kéier kräfteg acceleréiert.

Vill nei Detailer also vun enger Course-Poursuite, déi guer keng war, well den Audi-Chauffer, deen hat sech jo op dem Parking vun enger Tankstell verstoppt, well en net wollt kontrolléiert ginn a krut vum Accident guer näischt mat.

Beim Accident tëschent den 2 Policeween ass jo ee Polizist op der Plaz gestuerwen, seng Kollegin, d'Bäifuererin, gouf liewensgeféierlech blesséiert. Si wier den Ament an der Reha an um Wee vun der Besserung.