An hirem neiste Rapport deelt d'Direktioun vun der Santé d'Zuele mat vu Covid-19/SARS-CoV-2-, Influenza- an RSV-Infektiounen. Se si bal all an der Baisse.

COVID-19/SARS-CoV-2

Am Laf vun der 44. Woch vum Joer, tëscht dem 27. Oktober an dem 2. November 2025, ass d'Zuel vun de gemellte SARS-CoV-2-Infektioune vun 156 op 97 gefall. Dat ass eng Baisse vun 38 Prozent par rapport zur Woch virdrun.

D'Konzentratioun vun den detektéierte Viren am Ofwaasser ass och zréckgaangen. Am September hunn d'Varianten XFG (49,2 Prozent) an  XFG.3 (33,5 Prozent) dominéiert.

RTL

© gouvernement.lu

Gripp (Influenza)

D'Zuel vun de Fäll, déi am selwechten Zäitraum vun de Laboratoiren deklaréiert gi sinn, ass vun 33 op 24 liicht erofgaangen. All Kéiers huet et sech ëm den Typ A vun der Gripp gehandelt.

RTL

© gouvernement.lu

RSV (Respiratoresche Synzytial-Virus)

Hei ass eng liicht Hausse ze konstatéieren, mat 35 confirméierte Fäll géintiwwer 24 an der Woch virdrun.

RTL

© gouvernement.lu