Am September gëtt dann och e Pilotprojet a Saache Bodycame fir Poliziste virgestallt.

An enger gemeinsamer Sëtzung vun der juristescher Chamberkommissioun an der Chamberkommissioun vun der Force publique gouf d'CSV, déi déi d'Reunioun gefrot hat, en Dënschdeg de Mëtten dem Laurent Mosar no wéineg gewuer iwwert d'Tëschefäll mat Polizisten zu Bouneweg a bei Lausduer.

AUDIO: Chamberkommissiounen iwwert d'Police/Reportage Eric Ewald

D'Ministere Felix Braz an Etienne Schneider hu sech an deem Zesummenhank op de Secret de l'instruction beruff; de Public géif gewuer ginn, wat do geschitt ass, wann d'Enquête ofgeschloss ass, huet de Minister fir d'bannenzeg Sécherheet erkläert. No der Sëtzung huet de Justizminister Felix Braz vun engem laxen Ëmgank vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar mat der Gewaltentrennung geschwat.

AUDIO: De Justizminister Felix Braz

Soss war et d'Informatioun, dass am September e Pilotprojet virgestallt gëtt a Saache Bodycame fir Polizisten, spréch kleng Kameraen, déi um Kierper festgemaach ginn. Donieft sollen, d'selwecht wéi fir d'Hëllefsdéngschter, och bei Aggressioune vu Polizisten d'penal Strofen an d'Luucht gesat ginn.

VIDEO: Bouneweg, Lausduer ... Bodycamen an eng Ongerechtegkeet
Keng Infoe fir de Public, bis d'Enquête ofgeschloss ass - an awer gëtt et Neies ...