Matt 10 Nee a 5 Jo-Stëmmen huet de Suessemer Gemengerot dergéint decidéiert, fir weider juristesch géint de Käerjenger Contournement virzegoen.

D'Demande war vun "déi Lénk" gestallt ginn, fir ee weidere Recours ze maachen. Déi Demande gouf awer majoritär e Freideg de Mëtteg am Gemengerot verworf.

Um Enn vun där Sëtzung, déi ronn eng Stonn an eng véierel gedauert huet, ware 5 Gemengerotsmemberen - de Schäffe Goelhausen vun der LSAP, d'CSV-Vertrieder Reuter-Bauler a Romeo an d'Vertrieder vun déi Lénk Cecchetti a Piscitelli - dofir, dass de juristesche Kampf géif virugoen; 10 anerer hunn awer dogéint gestëmmt.

Deemno ass 3 Deeg nom Vote, an der Chamber, vum Finanzéierungsgesetz vun deem Contournement de Widderstand dogéint wuel definitiv gebrach

En Dënschdeg war jo an der Chamber d'Finanzéierungsgesetz zu deem Contournement mat 56 Jo-Stëmme guttgeheescht ginn. De Suessemer Buergermeeschter Georges Engel an d'Schäffe Simone Asselborn-Bintz haten net un deem Vott deelgeholl.

De Contournement vu ronn 4 Kilometer soll jo iwwer Suessemer Terrain goen.

AUDIO: Gemengerot Suessem/Reportage Eric Ewald

Reaktioune nom negative Vott am Suessemer Gemengerot

Déi Lénk haten direkt nom Vott am Parlament gefrot, dass de Schäfferot vu Suessem den Optrag sollt kréien, fir weider juristesch géint de Contournement vu Käerjeng ze kämpfen: Ma et hätt ee séier gemierkt, sou de José Piscitelli, dass de Buergermeeschter Georges Engel mat alle Mëttele probéiere géif, de Gemengerot ze beaflossen, fir géint de Recours ze stëmmen. Dobäi hätt d'Situatioun net changéiert, soudass ee sech d'Fro misst stellen, firwat ee kee Recours méi sollt areechen. Wann ee géint de Recours ass, ass ee fir de Contournement an et géif een dann och net méi zu senger fréierer Positioun stoen.

Et hätt een eng Verantwortung géintiwwer der eegener Populatioun, sot de Vertrieder vun déi Lénk, an hei misst jidderee sengem Gewëssen no ofstëmmen. De Buergermeeschter wollt déi Aussoe vum José Piscitelli net sou stoe loossen. De Georges Engel kéint net verstoen, wéi ee kéint behaapten, dass hien de Gemengerot beaflosst hätt. Jiddwereen hätt seng Meenung an hei géif et och keng Linn ginn, déi ee misst suivéieren.

Hie wär net fir de Contournement, an dat ze behaapte wär e staarkt Stéck, huet de Georges Engel gemengt.

D'Schäffen Nathalie Morgenthaler sot, och d'CSV Suessem wär géint de Contournement, ma den demokratesche Vott vun der Chamber wär z'acceptéieren. Et misst een dat Ganzt eben elo zur Kenntnis huelen.

Woubäi déi net geschlosse géint e weidere Recours gestëmmt huet, mat zwou Jo- an zwou Neen-Stëmmen. Déi Gréng an d'DP ware géint en zweete Recours, an dat obwuel ee sech duerch d'Bänken eens war, dass dee Contournement näischt brénge géif: E weidere Recours hätt awer wéineg Chancen op e positiivt Resultat.

Diskussioun ronderëm d'Duebel-Mandater vu Politiker

Zur Erënnerung: an der Chamber haten de Georges Engel an d'Simone Asselborn-Bintz net um Vott iwwert de Contournement deelgeholl. Als Lokalpolitiker dogéint, als Deputéiert Deel vun enger Koalitioun déi dofir war.

Iwwerdeems versprécht hir Partei d'LSAP dem Wieler sech fir d' Incompatibilitéit vun nationalen a lokale Mandater anzesetzen. De Georges Engel wollt am RTL-Interview awer net zouginn dass d’Problematik ronderëm de Contournement ee gutt Beispill fir d’Konfliktpotential wéinst Duebel-Mandater wär.

Esou Fäll géif et méi dacks, an da misst een als Politiker ebe wëssen, wéi eng Kap een undeet, esou de Georges Engel. De Problem wär éischter den Zäit-Management.

Le conseil échevinal n’entame pas de démarches contre le contournement de Bascharage

Un seul point figurait sur l’ordre du jour de la séance du conseil communal de ce vendredi matin. Il s’agissait d’une autorisation à accorder au collège des bourgmestre et échevins de poursuivre en justice la lutte contre la réalisation du contournement routier de Bascharage.

Dans son intervention devant le conseil communal le député-maire Georges Engel soulignait le fait que chaque conseiller communal de Sanem était jusqu’à présent et restera d’accord sur le point que le contournement routier de Bascharage n’apportera pas de solutions aux problèmes de circulation dans le sud-ouest du Grand-Duché. Tous les conseillers restent donc opposés à la réalisation du contournement. Sans la résistance livrée par la Commune de Sanem, la variante numéro une, beaucoup plus néfaste pour les habitants de la localité de Sanem, aurait été implémentée, continuait Georges Engel.

Suite à un avis sommaire juridique, parvenu hier aux membres du collège échevinal, l’avocat de la commune précise qu’il ne voit que peu de chances de succéder devant le tribunal administratif.

Pour Nathalie Morgenthaler (échevine, CSV) il était évident que l’opposition faite au projet a apporté de nettes améliorations dans les plans de construction et une diminution de l’effet sur les habitants de la Commune de Sanem. Suite au vote démocratique clair, pris par le parlement luxembourgeois, un recours en justice ne semble plus être une piste à poursuivre, selon Nathalie Morgenthaler.

Marco Goelhausen (échevin, LSAP) soulignait que, pour lui, la décision de construire le contournement de Bascharage signifie qu’au niveau national le transport individuel reste toujours privilégié par rapport aux transports en public ou par rapport à la mobilité douce.

Les discussions au sein du conseil communal, avant un vote libre, étaient vives. En fin de compte 10 conseillers (Gaston Anen, Simone Asselborn-Bintz, Denis Bronzetti, Alain Cornély, Georges Engel, Chantal Faber-Huberty, Steve Gierenz, Nathalie Morgenthaler, Patricia Speck-Braun, Nadine Tornambé-Duchamp) votaient contre l’entame de démarches juridiques, contre seulement 5 conseillers (Myriam Cecchetti, Marco Goelhausen, José Piscitelli, Carine Reuter-Bauler, Franca Romeo) qui voulaient charger le collège échevinal de la Commune de Sanem de poursuivre la lutte contre le contournement de Bascharage en justice.

Dans une première réaction après la séance du conseil communal, le député-maire Georges Engel estime que l’engagement des deniers publics pour poursuivre une lutte en justice n’aurait pas été justifié et déclare de ne pas vouloir gaspiller l’argent du contribuable. La députée-échevine Simone Asselborn-Bintz a partagé les mêmes vues lors de sa première réaction après la séance du conseil communal.