E Mëttwoch gouf géint 15.45 Auer an der Neier Avenue an der Stad eng suspekt Wallis fonnt. 

Géint 16.30 Auer koum Entwarnung vun der Police. Vun der Wallis ass keng Gefor ausgaangen. De Sécherheetsperimeter gouf opgehuewen.

Wéinst dem Policeasaz waren eng Rei Stroosse ronderëm gespaart. Betraff waren nieft der Avenue de la Liberté och d'Rue d'Anvers, d'Glesener-Strooss, d'Rue Jean Origer an d'Rue André Duchscher. D'Stroosse si mëttlerweil nees op an och den Tram fiert nees an der Neier Avenue.