Et ass just nach eng Fro vun der Zäit, bis hei zu Lëtzebuerg deen éischten Dreamliner vu Qatar Airways empfaange gëtt.

Ugangs Mäerz hat de Generaldirekter Ak-bar Al Baker d'Nouvelle perséinlech bekannt ginn: Lëtzebuerg géif eng vu 16 neien Destinatiounen. An zanterhier gëtt, RTL-Informatiounen no, aktiv um Dossier geschafft. Rezent war nach eng Delegatioun vu Qatar Airways bei de Responsabele vun der Lëtzebuerger Administration de la Navigation Aérienne. Nouvellen, déi den zoustännege Minister en Donneschdeg de Moie confirméiert huet.

Sou wéi d'Pläng vu Qatar Airways sech den Ament presentéieren, géif 4 Mol d'Woch vun Doha op Lëtzebuerg geflu ginn. D'Fluchgesellschaft géif de Fliger vun der neier Generatioun ersetzen: d'Boeing 787, och nach Dreamliner genannt, déi 254 Passagéier, dorënner der 22 an der Business Class transportéiere kann. Eng nei Airline am Passagéier-Beräich, déi indirekt mat sech bréngt, dat d'Aerogare sécher un hir aktuell Limitte stousse kéint.

Genee 10 Joer no der Aweiung ass de Fluchhafen voll am Ëmbroch: Wat d'Infrastrukturen ubelaangt, awer och wat d'Offer ugeet. Qatar Airways wier eng weider Gesellschaft, déi Lëtzebuerg ouni Tëschestopp mam Rescht vun der Welt verbënnt.

RTL

© RTL Télé Lëtzebuerg