E Mëttwoch de Moie gouf e Pilotprojet fir den Asaz vu sougenannte Bodycams fir d'Police presentéiert.

"Mer kënnen et net acceptéieren, dass eis Polizisten ëmmer méi dacks agresséiert ginn. Dofir ass dat hei eng Mesure, déi derzou ka féieren, dass vill Situatiounen net méi eskaléieren."

AUDIO: Bodycams fir d'Police/Reportage Joel Detaille

Dat sot de Police-Minister Etienne Schneider e Mëttwoch de Moien am Kader vun der Presentatioun vun engem Pilotprojet vu  Bodycams fir d'Police.

Ähnlech Projete bei eisen Noperen a Frankräich an an Däitschland hätte gewisen, dass duerch esou kleng Kameraen, déi Beamten um Kierper, meeschtens op der Schëller droen, vill méi quokeleg Situatiounen entschäerft hätte kënne ginn. Et wier deemno gläichzäiteg eng Schutzmesure fir de Polizist.

Den Ament gëtt dat Ganzt awer nach mat de Personalvertriedunge vun der Police ausgeschafft, ier dann e legale Kader fir dee Pilotprojet wäert opgestallt ginn, deen och dem Dateschutz-technesche Volet natierlech Rechnung muss droen.

Viraussiichtlech dierft dat Ganzt ufanks d'nächst Joer eréischt stoen, wou dann eng 6 bis 8 Beamten am Garer Quartier an der Stad mat deene Bodycams sollen an der Phas vum Pilotprojet equipéiert ginn.

Wéi eng Kameraen deen Ament an den Asaz kommen, a wéi déi genee Bestëmmunge wäerten ausgesinn, ass wéi gesot den Ament nach Sujet vun de juristeschen an operative Verhandlungen.

Eng Demande vun de Beamten um Terrain wier awer kloer do, huet de Generaldirekter-adjoint vun der Police, den Donat Donven ënnerstrach. D'Aggressioune géintiwwer der Police géifen an de leschte Joren nämlech konsequent an d'Luucht goen.

RTL

© Joël Detaille / RTL Radio Lëtzebuerg