Déi consultativ Mënschrechtskommissioun an den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand, kuerz ORK, schwätzen zum Deel vu Menacen.

De Ministère behaapt, vu kenge sou Fäll ze wëssen. D'Asbl "Zesumme fir Inclusioun" léisst dat allerdéngs net esou stoen.

AUDIO: Kritik vum ORK um Ministère/Reportage Claudia Kollwelter

Der Presidentin vun "Zesumme fir Inclusioun" Martine Kirsch sinn eng Partie Fäll bekannt, wou d'Eltere mat engem Signalement beim Jugendriichter gedréit kruten, wa se hiert d'Kand net géifen aus der regulärer Schoul eraushalen an an anere Fäll ass et och méi wäit gaangen. Et wieren och 2 Fäll elo ukomm, bei deenen e Signalement gemaach gouf. Hei goufe Bréiwer vu Säite vun den Elteren awer och vum Ombudscomité un den Educatiounsministère geschéckt.

Um Jugendgeriicht kann et souwäit kommen, datt d'Elteren hiert d'Kand ewechgeholl kréien. Den Drock, deen op d'Elteren ausgeüübt géing ginn, fänkt dem Martine Kirsch no awer scho vill éischter un. An der Commission d'inclusion sëtzen d'Elteren eleng mat engem ganze Gremium u Leit. Hei sinn ënnert anerem d'Psychologin, den Direkter, d'Sekretärin, den Educateur an den Assistent präsent. Et gëtt allerdéngs seele gekuckt, wou d'Kand am Moment steet a wou ee kéint opbauen.

Déi consultativ Mënschrechtskommissioun weess, dass vill Elteren et refuséieren, hiert d'Kand aus der regulärer Schoul erauszehuelen an dat wier och hiert gutt Recht, seet d'Fabienne Rössler vun der CCDH. Lëtzebuerg huet jo d'UNO-Konventioun iwwert d'Rechter vu Mënsche mat enger Behënnerung ratifizéiert. Dës Konventioun gesäit vir, dass Kanner mat spezifesche Besoinen net dierfe vum Enseignement général ausgeschloss ginn. Also de Prinzip vun der Inclusioun an der Gläichheet. Och de Choix vun de Eltere géif hei zielen.

E Signalement géing ee just maachen, wann e Kand a Gefor wier an net well e Kand an der Schoul schwéier ze geréieren ass. Do wier een op d'Zesummenaarbecht vu Schoul an Elteren ugewisen, seet de President vum ORK René Schlechter. Et wier net evident, well d'Léierpersonal net onbedéngt gutt forméiert ass, fir mat verhalensopfällege Kanner ëmzegoen. Et kéint een awer net all Kéiers dës Kanner just auszortéieren an a spezialiséiert Strukture schécken. Hie fuerdert eng Politik, bei där d'Kanner méiglechst inklusiv erzu kënne ginn.

Och déi administrativ Charge, déi d'Enseignanten niewelaanscht nach hätten, géingen en adequaten Encadrement vill méi schwéier maachen.