Ronderëm dëst Thema gouf sech de Sonndeg de Mëtteg zu Diddeleng mam éischte Weltkrich befaasst.

Erënnerungen, déi verluer goungen, well d'Technik deemools nach net um Stand war. Erënnerungen, déi awer och verluer goungen, well ee sech hei zu Lëtzebuerg schwéier gedoen huet, mat deem ëmzegoen, wat geschitt war.

D'Roll vun der Grand-Duchesse Marie-Adélaide während dem Krich? Wéi hu sech d'Lëtzebuerger wärend der Däitscher Occupatioun verhal? D'Zäit 14 - 18, awer och d'Joren duerno, werfe weider vill Froen op! Mat deene sech de Freideg de Mëtteg zu Diddeleng am CNA beschäftegt gouf. Erënnerunge gounge verluer! Well et deemools technesch nach kaum méiglech war, Toun-Dokumenter opzehuelen.

De Krich war, aus der Sicht vun den Archiven: Stomm. Déi auditiv Erënnerungen, déi bleiwen, si meeschtens schrëftlech festgehale Beschreiwungen. Wéi déi, datt d'Bombardementer vu Verdin, eng 80 Kilometer Loftlinn, och hei am Land ze héiere waren.

''Offiziell Neutral'' koum Lëtzebuerg mam bloen Aen dervun. 'Im Wartezimmer des Krieges' , sou beschreift en Historiker d'Lag vum Land. Lëtzebuerger sinn un der Front gestuerwen, an der Legioun. Och hei am Land sinn Alliéiert gefall. Zu Paräis an um Fouss vun der Gëlle Fra gouf hinnen e Freideg geduecht. Indirekt och dem Belsch Joseph Fox, deen am Juli 18 zu Diddeleng op oppener Strooss vun engem däitschen Zaldot erschoss gouf. Leider, vergiessen Affer.

Um Dësch louchen de Freideg de Mëtteg zu Diddeleng holze Spillsaachen. Gebastelt vu russesche Krichsgefaangen, déi aus der däitscher Gefaangenschaft, an dat an hiren Aen ''neutraalt'' Lëtzebuerg fortgelaf sinn. Där iwwer 3.000. Se probéieren, Aarbecht um Land ze fannen.

Ervirstécht de Courage vun där 22 Joer jonker Marie Dostert vu 'Grëmmelescht', déi 17-18 engen 80 Russe weiderhëlleft. Geschichten, Fakten, erausgepickt aus enger komplexer Zäit. Déi fir d'Historiker vill Klärungsbedarf hannerléisst.