Gwen Daufeld a Jeff Herr gewielt an ausgezeechent
De Verdikt vun den RTL.lu-User ass kloer: Honoréiert gi soziaalt Engagement an der Aarbecht mat eeleren a kranke Matbierger.
Gwen Daufeld a Jeff Herr, esou heeschen d'Lëtzebuergerin an de Lëtzebuerger vum Joer. Iwwer 2.000 Leit hunn op RTL.lu ofgestëmmt an hir Perséinlechkeete vum vergaangene Joer gewielt.
Fir d'éischt konnten d'User Nimm vu Kandidate proposéieren, aus ronn 200 Proposen, déi eis Ufank Dezember erageschéckt goufen, hu mir allkéiers 10 Fraen an 10 Männer zeréckbehalen. An den zwou leschten Dezember-Woche konnten du Stëmme vergi ginn. Wien e Login op RTL.lu hat oder sech ee gemaach huet, konnt bei den Dammen a bei den Häre maximal 6 Stëmme verginn, awer net méi wéi 3 pro Kandidatin/Kandidat. Dobäi erauskomm ass e klore Verdikt:
Den Éierentitel "Lëtzebuergerin vum Joer 2018" geet un d'Gwen Daufeld. Si war mat dëser Begrënnung nominéiert ginn:
Schafft mat Demenzkranken, engagéiert sech an de Pompjeeën, fiert Ambulanz, ass am Grupp cynotechnique. Ëmmer hëllefsbereet, keng Aarbecht ass hir ze vill.
Den Éierentitel "Lëtzebuerger vum Joer 2018" ass fir de Jeff Herr. Hie war nominéiert gi well:
Hien ass President a Matgrënner vun der Wonschkutsch, eng a.s.b.l., déi et Mënschen erméiglecht, ee leschte Wonsch virum Doud erfëllt ze kréien.
Dat ass d'Zil vun der Wonschkutsch. D'Associatioun gëtt et knapps ee Joer. De President Jeff Herr seet Merci fir d'Ënnerstëtzung aus der Gesellschaft.
Natierlech kann net all Wonsch an Erfëllung goen, esou de Jeff Herr nach. All Faart mat der Wonschkutsch muss och mam responsabelen Dokter gekläert sinn. D'Zil vun der Associatioun fir dëst Joer ass et, eng eegen Ambulanz ze kafen.
RTL felicitéiert dem Gwen Daufeld an dem Jeff Herr ganz häerzlech, si goufe fir hiren Engagement a sécher och stellvertriedend fir vill aner engagéiert Leit an hiren Organisatioune gewielt. Gläichzäiteg soe mir och allen Utilisateure Merci, déi entweder e Kandidat proposéiert hunn an/oder duerno fir een ofgestëmmt hunn.
Esou gouf gewielt
Op en Neits hunn d'Usere vun RTL.lu also "Net-Promien" de Virzuch ginn a soziaalt Engagement honoréiert. Domat schéngt sech den Trend aus de leschte Joren ze confirméieren. Déi zwee Laureaten 2018 ware richteg plebiszitéiert ginn.
Zanter e puer Joer ginn d'Lëtzebuergerin an de Lëtzebuerger vum Joer getrennt gewielt. Hei de Ranking vun den Top10 vun all de Stëmmen, wou dann effektiv 5 Hären a 5 Dammen dran opdauchen. Fir eng éischte Kéier awer hu mer 2018 de Fall, datt eng Damm déi meeschte Stëmmen iwwerhaapt krut:
1) Gwen Daufeld
2) Jeff Herr
3) Camille Gira
4) Isabelle Decker
5) Kristina Wagner
6) Camille Conter
7) Nico Weirig
8) Olivier Ferber
9) Desirée Nosbusch
10) Vicky Krieps
Hei d'Top 5 vun de getrennten Ofstëmmungen:
- D'Top 5 vun den Dammen:
1) Gwen Daufeld
2) Isabelle Decker
3) Kristina Wagner
4) Desirée Nosbusch
5) Vicky Krieps
- D'Top 5 vun den Hären:
1) Jeff Herr
2) Camille Gira
3) Camille Conter
4) Nico Weirig
5) Olivier Ferber
Déi 2 Laureaten 2018 kruten iwwregens e Konschtwierk vum Jack Zazzera iwwerreecht: eng Melusina an e roude Léiw, déi och op der leschter Tase-Kollektioun vun RTL sinn.

Den Artist Jack Zazzera mat der Unerkennung fir d'Lëtzebuergerin vum Joer - enger Melusina, déi deels aus dem Kader fält.
Wéi konnt ee matmaachen? A gewannen?
Iwwer 2.000 Leit hu bei der Wiel vun der Lëtzebuergerin an dem Lëtzebuerger vum Joer matgemaach, domat bleift d'Ofstëmmung populär, och wa si net no statistesch-wëssenschaftleche Kritären duerchgefouert gouf an héchstens representativ fir d'Utilisateure vun RTL.lu ass.
Fir matzemaachen, huet een en Account op RTL.lu gebraucht an da konnt een och eppes gewannen: 2 iPad Pro mat allkéiers 1 Coffret vun der neier RTL Collection 2018 dobäi!
An déi glécklech Gewënner sinn: d'Sylvie Seiler vun Ouljen an de Serge Jacoby vun Eschweiler bei Wolz.

Wie krut bis elo den Titel "Lëtzebuergerin" a "Lëtzebuerger vum Joer"?
2017: Martine Kohl (Street Angels) an André Bichel (Polizist)
2016: Nathalie Scheer (ALS-Patientin) a Marcel Steffen (Polizist)
2015: Yasmine Grisius (Polizistin, posthume Präis) a Jean Asselborn (Ausseminister)
2014: Noémie Siebenaller a Camille Arend (zweemol e posthume Präis, well déi 2 Mataarbechter vun "Le soleil dans la main" ware bei engem Fligeraccident an Afrika ëm d'Liewe komm)
2013: Sylvie Conter (Riichterin) a Gaston Vogel (Affekot)
2012: Eliane Leger (Infirmière) a Romain Hilbes (Buschauffer a Liewensretter)
2011: Xavier Bettel (Stater Buergermeeschter)
2010: Andy Schleck (Vëlosfuerer)
2009: Andy Schleck (Vëlosfuerer)
2008: Jean-Claude Juncker (Premier)
Eréischt zanter 2012 ginn d'Lëtzebuergerin an de Lëtzebuerger vum Joer an zwou getrennten Ofstëmmunge gesicht. An zanterhier acceptéiere mir och keng Kandidature méi vu Leit, déi de Präis ewell kruten.

D'Laureaten 2017.
Am Réckbléck:
RTL-News: Lëtzebuerger vum Joer 2017: Martine Kohl vun de Street Angels a Polizist André Bichel/news/national/1112774.html
RTL-News: Lëtzebuerger vum Joer 2016: ALS-Patientin Nathalie Scheer a Polizist Marcel Steffen
/news/national//990806.html
RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2015: Polizistin Yasmine Grisius an Ausseminister Jean Asselborn
/news/national//749533.html
RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2014: Noémie Siebenaller a Camille Arend gewielt
/lifestyle/people//595450.html
RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2013: Sylvie Conter a Gaston Vogel sinn d'Lëtzebuerger vum Joer
/lifestyle/people/498429.html
RTL-NEWS: Lëtzebuerger vum Joer 2012: Eng Infirmière an e Buschauffer - Eliane Leger a Romain Hilbes
/news/national/371125.html
RTL-NEWS: Xavier Bettel heescht de "Lëtzebuerger vum Joer 2011"
/news/national/177199.html
RTL-NEWS: De "Lëtzebuerger vum Joer 2010" heescht Andy Schleck!
/news/national/90553.html
RTL-NEWS: RTL.LU: Andy Schleck heescht de Lëtzebuerger vum Joer 2009
/news/national/54111.html
RTL-NEWS: RTL.LU: De Jean-Claude Juncker ass de Lëtzebuerger vum Joer 2008
/news/national/3758.html
- - - - -
Klengen Appell un eis Commentateuren:
Dat Neit Joer ass jo nach ganz frësch, dofir sech net direkt ewell bei der éischter Nouvelle 2019 d'Käpp aschloen, ma w.e.g. mat e bësse Respekt a Sensibilitéit op de Vott reagéieren - och wann ee vläicht aus iergendengem Grond selwer enttäuscht ass ... Natierlech dierf een eppes gutt oder schlecht fannen, ma d'User hu proposéiert an decidéiert, jidderee konnt do matmaachen ... Merci fir Är Kooperatioun an Är Contributioun, datt den Debat friddlech bleift.
An: ALL GUDDES FIR 2019 :-)
- - - - -