VIDEO-Reportage
Vill Leit flüchte wärend de Wanterméint an d'Ausland
Vill Leit flüchte wärend de Wanterméint an d'Ausland
Déi meescht Lëtzebuerger Awunner verbréngen hir Vakanz tëscht Januar a Mäerz an enger Stad oder um Mier, fir sech ze erhuelen.
Déi meescht Lëtzebuerger Awunner verbréngen hir Vakanz tëscht Januar a Mäerz an enger Stad oder um Mier, fir sech ze erhuelen.
Nëmmen all 10. Resident reest am éischten Trimester vum Joer an d’Bierger. Déi beléiftst Bierg-Destinatioun ass Éisträich. 73% vun de Schnéi-Touriste sinn och sportlech aktiv. Déi meescht Leit, déi an de Wantersport ginn, bleiwen eng Woch a bezuelen dofir an der Moyenne 1.000 Euro op de Kapp.
23% vun de Persounen, déi un der Ëmfro vum Statec deelgeholl hunn, hunn iwwerdeems uginn, tëscht Januar a Mäerz Famill oder Frënn am Ausland ze besichen. Dat haaptsächlech a Frankräich oder Däitschland.
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies