Wisou 4 nei IRMen a Spideeler, wou et der scho ginn?

© RTL Télé Lëtzebuerg Archivbild
"Iwwer zousätzlech IRMen op anere Sitte gëtt momentan nogeduecht". Dat äntwert de Gesondheetsminister op eng parlamentaresch Fro vun der ADR.
Den Deputéierte Jeff Engelen wollt wëssen, firwat déi 4 nei IRMen, déi bestallt sinn an déi Spideeler kommen, wou scho sou Maschinne sinn.
D’Äntwert vum Etienne Schneider ass, datt d’Spideeler hir Demande fir eng zousätzlech IRM zesumme mat baulechen Upassungsmossnamen ugefrot op deene Sitten, wou se och generell hire „Service d’imagerie médicale“ exploitéieren a wou haaptsächlech Akutmedizin gemaach gëtt. Doduercher wieren se méi séier asazfäeg.
Wéi gesot gëtt awer och iwwer méi Maschinnen an aner Sitten nogeduecht.
RTL NEWS: D'Regierung préift d'Aféiere vun IRMen a Gemeinschaftspraxissen
Weider geet aus der Äntwert vum Minister ervir, datt just 6% vun den IRMe vu Lëtzebuerger Residenten am Ausland gemaach ginn, woubäi d’Zuel awer déi lescht Jore kloer an d’Luucht gaang ass. Iwwert d’Waardezäiten konnt den Etienne Schneider keng Äntwert ginn. Mat de neie 4 IRMen, déi bestallt sinn an déi fréistens am Summer sollen operationell ginn, wäert et der am Ganzen 11 am Land ginn.