Mat engem Manifest wiert sech de Kollektiv "5 pour cent c'est NON" géint déi geplangte Militariséierung an der EU an zu Lëtzebuerg.

"5 pour cent c'est NON" / Reportage Chris Meisch

Bis zu 800 Milliarden Euro wëll d’Europäesch Unioun bis 2030 an d’Verdeedegung an an eng ëmfaassend militäresch Oprëschtung investéieren. Mat hirem Programm "Readiness 2030" reagéiert d’EU deemno op déi aktuell weltpolitesch Onsécherheeten.

D’Zil: déi militäresch Onofhängegkeet vun Europa stäerken an eng gemeinsam europäesch Verdeedegungsindustrie opbauen – fir sech net méi op aner Groussmuechte verloossen ze mussen.

A grad do setzt d’Kritik vum lëtzebuerger Kollektiv "5 pour cent c’est NON" un. D’Beweegung ass géint déi geplangte Militariséierung vun Europa – a besonnesch géint d’EU-Initiativ "Readiness 2030".

Mat engem Manifest wëll de Kollektiv ee kloert Zeeche géint déi aktuell Verdeedegungspolitik vun der Europäescher Unioun setzen.

Sue ginn anerwäerts gebraucht, sou de Kollektiv

Den Numm vum Kollektiv ass symbolesch: e steet fir d‘Ofleenung vun enger Politik, déi ëmmer méi e grousse Budget – bis zu fënnef Prozent vum PIB – fir d’Oprëschtung virgesäit. "Non à la militarisation de l’Union Européenne – Manifeste contre le réarmement" heescht den Text, mat deem de Kollektiv e kloert Zeeche wëll setzen.

Hei gëtt ënnert anerem d‘Fro gestallt, wéi vill Lëtzebuerg an Europa nach an d‘Defense investéiere mussen, an ob et keng Alternativ zur Oprëschtung gëtt, erkläert de Jean-Claude Tümmel, Member vum Kollektiv: "Mir setzen eis virun allem an eisem Manifest dofir an, fir an d‘Gespréich ze kommen, och mat anere Leit, dofir sammele mir Ënnerschrëften, mir hunn der eng ganz Rei aus der Zivilgesellschaft. Mir wëlle mat deene Leit an d‘Gespréich kommen, well mir wëllen den Debat richteg ukéieren a mir wäerten och an nächster Zukunft mat deene Leit driwwer diskutéieren, wat déi nächst Schrëtt solle sinn."
 
D’Argument, dass Europa sech géint déi russesch Menacë wieren an hir Verteedegungsstrategie stäerke misst, léisst de Kollektiv net gëllen. D'Milliarden, déi a Waffen an Defense investéiert ginn, géingen an anere wichtege Secteuren, wéi Ëmwelt, Santé, Educatioun a Weideres feelen, wou se dem Jean-Claude Tümmel no, besser investéiert wieren.
 
"Wann ee weess, dass d'Rüstungsausgabe vun den europäeschen Nato-Staaten 2014 bei 168 Milliarde loungen, an aacht Joer méi spéit bei 39 Prozent méi, da weess een, dass mir den Ament eigentlech genuch Waffe produzéiere fir eis ze verdeedegen. Mir mengen net, dass mir den Ament vill méi Waffe brauchen, mee mir brauchen den Ament vill méi Geld fir eis op de Klimachangement ze preparéieren, mir brauchen nach méi Geld am Sozialen, mir brauche Geld an der Santé", sou de Jean-Claude Tümmel.
 
De Kollektiv weist awer och geziilt mam Fanger op Lëtzebuerg: D’Regierung huet sech am Koalitiounsaccord drop festgeluecht, d’Militärausgabe bis 2030 op 2 Prozent vum PIB ze erhéijen. Der Nato no sollen et 5 Prozent vum PIB bis 2035 sinn.

Gläichzäiteg huet sech den Aarbechtsgrupp Lux4Defense gegrënnt mam Zil, déi investéiert Suen an d'Défense zeréck an d'Lëtzebuerger Wirtschaft fléissen ze loossen. Fir den Alain Sertic, Member vum Kollektiv, gëtt ëmmer méi kloer, datt dës Schrëtt ouni Transparenz a komplett laanscht d‘Bevëlkerung geholl ginn: "Déi Leit wëlle Geld investéiere wou herno Profit erauskënnt. Onweigerlech gëtt Lëtzebuerg och zu enger Dréischeif vun dem Waffenhandel an der Entwécklung vu militäreschen Objet‘en. Dat muss un d‘Ëffentlechkeet gezu ginn an dat muss dann och en Objet gi vun enger demokratescher Debatt."
 
Andeems d’Europäesch Unioun sech als militäresch Muecht definéiert, verzicht si dorop, eng wierklech onofhängeg diplomatesch Roll anzehuelen, sou nach de Kollektiv. Mat hirem Uschloss un d’Strategie vun der NATO géing si d’Logik vun der Konfrontatioun weider féieren an domat de Wee fir Diplomatie, Ofrëschtung a Fridden zoumaachen.
 
E Freideg huet de Kollektiv am Centre Sociétaire et Culturel an der Stad eng Konferenz mam Pablo Flock, engem däitsche Fuerscher vun der europäescher Sécherheets- a Verdeedegungspolitik, organiséiert. Ënnert dem Titel "Europa kriegstüchtig maachen...um jeden Preis?" geet et ëm eng kritesch Diskussioun iwwer d‘Militariséierung vun Europa.