Onéierlecher waren en Donneschdeg nees ënnerwee, sou zum Beispill zu Bartreng an um Kierchbierg, wéi d'Police um Freideg de Moie mellt.

Zu Bartreng gouf en Donneschdeg den Owend an en Haus an der Lëtzebuerger Strooss agebrach. Éischten Informatiounen no hu se sech iwwert eng Terrassendier Zougang zum Haus verschaaft.

D'Police mellt e weideren Abroch an en Appartementshaus, da um Val des Bons-Malades um Kierchbierg. Och hei wier eng Terrassendier d'Entrée an d'Wunneng gewiescht. Et goufe Bijouen a Boergeld geklaut.