CGDIS
Zwee Blesséierter bei Accidenter op der A1 an zu Esch

En Donneschdeg den Owend géint 17 Auer huet et op der A1 Richtung Tréier gerabbelt, dat tëscht dem Tunnel Cents an dem Kierchbierg.
Zwee Autoe waren hei net laanschtenee komm. D'Pompjeeën an d'Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz, eng Persoun gouf blesséiert.
Géint 19.40 Auer ass zu Esch en Auto bäigaangen. Och hei gouf et ee Blesséierten. D'Rettungsdéngschter vun Esch waren op d'Plaz geruff ginn.
Bei engem Accident géint 22.15 tëscht Dummeldeng an dem Waldhaff ass et beim Materialschued bliwwen.
Am meeschte gelies