No technesche Problemer
41 Petitioune vun e Freideg un nees online

© RTL Symbolbild
Eng sëllege Petitioune sinn vun e Freideg un nees online, déi nach emol nei kënnen ënnerschriwwe ginn.
Dëst ass d'Suite vun technesche Problemer, déi et eng Zäit laang um Petitioun-Site gouf, och am Kader vun der Erneierung vum Site. Verschidde Signature waren nämlech net consideréiert ginn, exklusiv op der Lëtzebuergescher Versioun vum Site.
Betraff ware Leit, déi sech net elektronesch, beispillsweis bei Luxtrust identifizéiert haten. Bis den 20. November kënnen dës Petitiounen dann elo nach emol ënnerzeechent ginn. D’valabel Signaturen, déi et scho gouf, bleiwe bestoen.
Am meeschte gelies