Wéi eng Communautéite sinn zu Lëtzebuerg am stäerkste vertrueden?

Haaptursaach fir de staarke Populatiounswuesstem am Land ass d'Immigratioun. Dës ass zënter Joerzéngte responsabel fir ronn 80% vun där Croissance.
D'Haaptursaach fir de staarke Populatiouns-Wuesstem zu Lëtzebuerg ass d'Immigratioun. Dës ass zënter Joerzéngte responsabel fir ronn 80% vun där Croissance. Am Grand-Duché liewen hautdesdaags 170 verschidden Nationalitéiten.
Wéi eng Communautéite sinn am stäerkste vertrueden, wéi si se geografesch verdeelt a wou goufen d'Leit déi zu Lëtzebuerg liewe gebuer? De Statec huet déi Froen am neien demographeschen Atlas beäntwert.
Virop fält op, datt déi allermeescht Auslänner d'Nationalitéit vun engem aneren EU-Land hunn, nämlech bal 85%. Zemools bannent dem Schengen-raum ass et dem Bierger jo méi einfach gemaach gi fir an engem anere Land ze schaffen.
D'Lëtzebuerger maachen nach e bësse méi ewéi d'Halschent vun der Populatioun aus. Duerno kommen op Plaz 2 d'Portugisen. Si sinn zu bal 97'000, representéiere 16% vun der Gesamtbevëlkerung a maachen en Drëttel vun den Auslänner aus. Am Grand-Duché hunn op den éischte Januar zejoert bal 46'000 Fransouse gelieft, 7,6% vun der ganzer Bevëlkerung a bal 16% vun der auslännescher Communautéit.
No de Fransouse kommen der Rei no d'Italiener, d'Belsch an déi Däitsch. Vun den Net-EU-Länner huet de Montenegro d'Nues vir, mat gutt 4000 Leit déi zu Lëtzebuerg liewen.
Vum afrikanesche Kontinent ass déi kapverdianesch Nationalitéit am beschten zu Lëtzebuerg vertrueden, beim amerikanesche Kontinent sinn et d'US-Bierger, beim asiatesche Kontinent sinn d'Chinesen zueleméisseg vir zu Lëtzebuerg.
171 Leit hu keng Nationalitéit a bei 229 Mënschen ass déi net bekannt. Bei der Verdeelung fält op, datt d'Portugise besonnesch am Südweste vill präsent sinn, awer och an der Fiels, an der Nordstad an an enger Rei Gemengen do ronderëm.
D'Fransouse liewe virun allem an der Stad a ronderëm. D'Italiener sinn an der Stad an am Minette staark vertrueden, d'Belsch liewe meeschtens laanscht déi belsch Grenz, déi Däitsch virun allem am Osten a Südosten. D'Net-EU-Bierger fanne mer der a Prozenter ausgedréckt am meeschten an der Gemeng Wolz, si maachen do gutt 8% aus, duerno komme Rëmeleng a Schëffleng.
Leit mat afrikanescher Nationalitéit sinn a Prozenter ausgedréckt och am stäerksten zu Wolz present, awer och a verschiddenen Nordstad-Gemengen an zu Buerschent. An Zuelen ausgedréckt liewen déi meeschte Leit mat afrikanescher Nationalitéit an der Stad, zu Esch an zu Déifferdeng.
D'Amerikaner hu sech an der Haaptstad a ronderëm néier gelooss. D'Stad, Stroossen a Bartreng leien an hirer Gonscht virop. Am Norde vum Land fanne mer wéineg Leit mat enger Nationalitéit vum amerikanesche Kontinent.
Och d'Asiate liewe virun allem an der Stad an an der Ëmgéigend, déi dräi selwecht Gemenge wéi bei den Amerikaner hunn d'Nues vir. A verschiddenen Nord- oder Ostgemenge fanne mer awer och eng Part un asiateschen Nationalitéiten déi relativ héich ass, zum Beispill zu Esch-Sauer, Buerschent, Dikrech, Bäerdref oder Beefort.
Wat d'Plaz vun der Gebuert ugeet, sou sinn 53% vun der Gesamtbevëlkerung zu Lëtzebuerg gebuer.Auslännesch Residenten déi méi ewéi 20 Joer hu goufen dacks net zu Lëtzebuerg gebuer. Dat kann een awer net generaliséieren, heescht et vum Statec.
Da gëtt et grouss Ënnerscheeder tëscht de Gemengen. An der Gemeng Lëtzebuerg goufe just 18,9% vun de Bierger hei am Land gebuer. An der Gemeng Wal sinn et dogéint bal 70%.
Serie Statec Deel 1: Lëtzebuerg ass dat Land an Europa, dat am meeschte wiisst
Serie Statec Deel 2: Zu Lëtzebuerg gëtt et méi Männer wéi Fraen
Serie Statec Deel 3: Bal d'Hallschent vun den Awunner hunn net déi Lëtzebuerger Nationalitéit