Ausbau vum Tramsreseau um KierchbiergModernisatioun um Tunnel Schuman: Dräi Partner fir ee grousse Projet

Tim Hensgen
Ponts et chaussées, d'Stad Lëtzebuerg a Luxtram schaffe bei dësem Projet Hand an Hand zesummen.
Modernisatioun um Tunnel Schuman
3 Partner fir ee grousse Projet

Och wann d'Modernisatioun um Tunnel Schuman eng grouss Envergure huet, ass den Ausgangspunkt den Ausbau vun der Tramslinnen um Kierchbierg.

Fir den Antonym Mopty, Direkter vun den neie Linne bei Luxtram, ass et ewéi eng Operatioun um oppenen Häerz, ier déi nei Tramslinnen iwwert de Boulevard Konrad Adenauer, BEI, Cour de Justice, d'Gebai Jean Monnet an d'Europaschoul erreechen. De Projet soll 2030 ofgeschloss ginn. Bis Mëtt August gëtt hannert der rouder Bréck un den Tramslinne geschafft a Circulatioun vun zwou Linne sinn och betraff. Déi tëscht de Statioune Rout Bréck – Pafendall a Philharmonie – Mudam. Do muss ee 400 Meter ze Fouss goen.

Fir d'Ponts et chaussées waren dës Aarbechten Ausléiser vu Reparaturaarbechten vun der Unterführung vum Rond-point Schuman. De Pressespriecher Ralph di Marco seet, dass dës Sanéierung absolut néideg ass, well den Tunnel schonn e puer Joer um Bockel huet a virun allem de Bëtong an de Stol ugegraff ass. De Bëtong muss zum Deel sanéiert, de Prall- a Schallschutz mussen erneiert ginn, d'Elektroinstallatiounen an d'Beliichtungsanlage gi frësch gemaach an d'Unterführung kritt en neien Tapis. D'Aarbechten, déi zanter dem 10. Juli lafen, hunn e groussen Impakt, sollen awer d'Circulatioun sou mann ewéi méiglech stéieren. Dofir ass d'Stad Lëtzebuerg responsabel.

Fir de Romain Pax aus der Direktioun vun der Mobilitéit war et wichteg, dass den Zäitpunkt gutt gewielt ass fir d'Aarbechten. Et géing schliisslech em eng vun de wichtegsten Achsen an der Stad a Verbindung tëschent dem Kierchbierg an der Stäreplaz.

Et ass e Projet, dee positiv Auswierkunge fir d'Circulatioun vum Kierchbierg wäert hunn. Dofir schafft een an dësem Fall och zesummen an dat sou gutt a séier ewéi méiglech. Méi Informatiounen, och fir Deviatiounen, gëtt et op de Sitte vun der Stad Lëtzebuerg, Ponts et chaussées a Luxtram.

Back to Top
CIM LOGO