Neie StaatsexamenMinister Wilmes: “Eng Reform fir déi richteg Leit, fir déi richteg Posten ze fannen”

Serge Pauly
D’lescht Woch huet d’Chamber déi nei Rekrutéierungsprozedur beim Staat gestëmmt. Virun allem de Staatsexame gëtt reforméiert. An Zukunft kann een deen eréischt maachen, wann ee sech fir eng konkret Plaz gemellt huet.
Neie Staatsexamen
D’lescht Woch huet d’Chamber déi nei Rekrutéierungsprozedur beim Staat gestëmmt. Virun allem de Staatsexame gëtt reforméiert. An Zukunft kann een deen eréischt

Wien haut op govjobs.lu no enger Plaz beim Staat sicht, muss sech do schonn decidéieren, op hien éischter eng Karriär als Fonctionnaire oder als Employé wëllt maachen. Potentiell Beamte musse fir d'éischt de Staatsexamen ofleeën, wärend potentiell Employéeë sech direkt op eng fräi Plaz melle kënnen.

Am September gëtt dee Rekrutéierungsprozess harmoniséiert, de Wee bei eng Staatsplaz gesäit da fir zukünfteg Beamten an Employéeën identesch aus. Eréischt wann ee sech fir eng bestëmmte fräi Plaz gemellt huet, däerf een am Rekrutéierungszentrum um Kierchbierg déi sougenannten "Epreuve d'Aptitude Générale" ofleeën. Déi ass an Zukunft dann net nëmme fir Beamten, mee och fir Employéeën obligatoresch. Den zoustännege Minister Serge Wilmes hofft, oppe Plazen esou méi adäquat besetzen ze kennen:

"Mir wëllen Talenter hunn, déi bei d’Fonction Publique kommen, well mir gären eng Fonction Publique wëllen hunn, déi sech weiderentwéckelt, an datt se kann effizient schaffen, an déi och déi beschten Déngschter eise Matbierger a Matbiergerinne kann ubidden. An dowéinst wëlle mir dat ganz harmoniséieren, an digitaliséieren, an och flexibiliséieren, a wierklech méi spezifesch op dee gebrauchte Posten, dee gebrauchte Profil axéieren. Dofir maache mir déi ganz Reform, fir dass mir déi richteg Leit fir de richtege Poste kënne fannen.", erkläert de Minister fir d’Fonction Publique.

Flexibel heescht, dass den neie Staatsexamen nëmmen nach een amplaz wéi bis elo fënnef Joer gülteg ass. Am Géigenzuch ginn déi grouss Examens-Seancen zweemol am Joer ofgeschaaft. Kandidate kënnen an Zukunft dat ganzt Joer iwwer en individuelle Rendez-vous fixéiere fir hir "Aptitude Générale" testen ze loossen. Changementer ginn et och beim obligatoresche Sproochentest: “Nieft der Form, dat méi flexibel ze maachen, an de selwechten Niveau fir jiddereen, ass och nei, dass mir nieft dem mëndleche Verstoen och dat schrëftlecht Verstoe wäerten testen. Dat heescht, Dir musst an Zukunft och en Text liesen, an Dir kritt Froen dozou gestallt, fir ze gesinn, ob Dir en Text verstitt, an enger vun deenen dräi administrative Sproochen hei zu Lëtzebuerg”, erkläert de Minister fir d’Fonction Publique.

Dës nei Modalitéite gëlle fir Plazen, déi nom 15. September ausgeschriwwe ginn. Et gëtt eng Transitiounsphas, an där déi "al Staatsexamen" weiderhi fënnef Joer valabel bleiwen.

A mir haten och d'CGFP ëm eng Reaktioun gefrot. D'Gewerkschaft wëllt der Moderniséierung vum Staatsexame fir d'éischt emol eng Chance ginn, an sech eréischt ëffentlech dozou äusseren, wa bis éischt Erfarungswäerter virleien.

Back to Top
CIM LOGO