Mat méi wéi 150 Millioune verkaafte Placken ass d'Katy Perry eng vun den erfollegräichste Musekerinnen op der Welt. Si ass schonn an der berüümter Halftime Show vum Super Bowl opgetrueden a stoung rezent zu Los Angeles bei der Ouverture vun der Futtball-WM op der Bün. Souguer am Weltall war si schonn.
Eng Kënschtlerin, déi vill Mënsche begeeschtert - och zu Lëtzebuerg, wéi een um Parking vun der Luxexpo konnt gesinn. D'Fans vun der US-amerikanescher Sängerin sinn op de Site era gestiermt, wéi d'Dieren um 17:30 Auer opgaange sinn. An trotz staarke Reeschauere wollten d'Leit sech déi bescht Plaz bei der Bün sécheren, fir hirem Star esou no wéi méiglech ze sinn.
15.500 Leit gi sech um Concert erwaart, an déi kréien eng spektakulär Show geliwwert, verréit de Musekchef vun RTL Radio Lëtzebuerg, de Jules Serrig, am Interview mam Olivier Catani. D'Fans dierfe sech wuel souguer op ee Stage Diving vum Katy Perry freeën, an op ee flott Bünebild.
Méi Detailer iwwer d'Katy Perry a seng Show, an Andréck am Virfeld vum Concert, gëtt et am Replay vum Magazin. Weider Andréck a Fotoe vun der Plaz ginn et dann e Mëttwoch de Moien op RTL.lu.