
De Fraktiounspresident Laurent Zeimet huet en Dënschdeg vun engem "gemeinsame Bilan" mat der DP geschwat an déi gutt Zesummenaarbecht bannent der Koalitioun ënnerstrach. Trotz turbulente Méint ronderëm de Joreswiessel wier d'Partei haut gutt opgestallt an optimistesch fir d'Rentrée.
De Laurent Zeimet huet net verstoppt, datt d'CSV an de leschte Méint och intern Erausfuerderunge kannt huet. D'Partei hätt sech awer nei organiséiert a géif elo nees mat Optimismus no vir kucken. Besonnesch de Sozialdialog wier an de leschte Wochen erëm a Beweegung komm.
Den neien Aarbechtsminister Marc Spautz hätt et fäerdeg bruecht, Patronat a Gewerkschaften nees un een Dësch ze bréngen. Fir d'CSV wier dat eng zentral Viraussetzung, fir sozial Konflikter ze léisen an nohalteg Kompromësser ze fannen.
Zu de gréisste Succèse vun de leschten zwielef Méint zielt d'CSV eng Rei vu Reformen, déi zesumme mam Koalitiounspartner DP ëmgesat goufen. Dorënner falen d'Pensiounsreform, den Asylpakt, eng sëlleg Steierentlaaschtungen, d'Mediegesetz an de geplangte "Virage ambulatoire" am Gesondheetswiesen, deen d'Patienteversuergung méi flexibel maache soll, ouni e Zwee-Klassesystem anzeféieren.
Och d'Kafkraaft wier mat verschiddene Mesurë gestäerkt ginn. Als Beispiller nennt d'CSV d'Indexéierung vun de Steiertabellen un d'Inflatioun an d'Steierbefreiung vum soziale Mindestloun.
Nieft dësen Dossieren huet de Fraktiounspresident och op d'Investissementer an d'Resilienz vum Land verwisen. Lëtzebuerg misst sech besser op Krisen ewéi Hëtztwellen, Héichwaasser oder geopolitesch Spannunge virbereeden. Och déi geplangte Verdeedegungsausgabe géifen an deem Kontext déi voll Ënnerstëtzung vun der CSV kréien.
E wichtege Punkt vum Bilan war och d'Resultat vun der rezenter Tripartite. De Laurent Zeimet huet sech zefridden iwwer den Accord gewisen an ënnerstrach, datt dësen intensiv virbereet gi wier. Gläichzäiteg huet hien nach eng Kéier de Virworf zeréckgewisen, d'DP hätt de Premier Luc Frieden zu enger Tripartite gedréckt. Hie preziséiert, datt d'Decisioun schonn Deeg virdrun an der CSV diskutéiert gi wier. Fir dat ze ënnersträichen, huet hie souguer op en Iesse mam Premier de 14. Abrëll verwisen, dat virun de spéidere politeschen Aussoe vun der DP stattfonnt hätt.
Fir d'Rentrée steet virun allem d'Steierreform am Mëttelpunkt. D'CSV wëll hiert Walverspriechen anhalen an d'Leit mat ronn 900 Milliounen Euro entlaaschten.
Op d'Fro, wéi dës Entlaaschtung finanzéiert soll ginn, huet de Laurent Zeimet kloergestallt, datt eng Steierreform net mam Zil gemaach géif ginn, nei Recetten ze schafen. De Sënn dovunner wier et, d'Bierger finanziell ze entlaaschten. Hie weist dobäi och drop hin, datt déi viregt Regierung eng nach méi deier Reform geplangt hat.
Nieft der Steierreform wëllt d'CSV sech och weider fir eng méi kompetitiv Ekonomie an administrativ Vereinfachungen asetzen.
Obwuel et tëscht CSV an DP och weider verschidde Meenungen zu eenzele politeschen Dossiere gëtt, gesäit de Laurent Zeimet d'Koalitioun als stabil. Béid Parteie géifen zwar hir eege Programmatik behalen, d'Zesummenaarbecht an de leschte Méint hätt awer gutt funktionéiert. Sträitfroe géife reegelméisseg an interfraktionelle Reunioune gekläert ginn.