
Et géif ee sech e positiven Impakt op d’Innovatioun erwaarden a Lëtzebuerg domat als Hub vun der Weltraumindustrie domat nach méi attraktiv ginn. Dat huet de Rapporteur André Bauler betount. D’Käschte belafe sech insgesamt op ronn 196 Milliounen Euro.
De Risiko wier grouss, den Investissement extrem héich, mee de Space-Secteur géif boomen an et soll een sech d’Opportunitéit Deel dovun ze sinn net entgoen ze loossen, seet den Tom Weidig vun der Adr.
E sënnvolle Projet huet de Sven Clement vun de Piraten den Testzenter genannt. Wann ee Satellitte baut, mussen déi och getest ginn. Och d’Joëlle Welfring vun déi Gréng huet de Projet sënnvoll genannt, awer gefrot, datt an engem Joer eemol de Point gemaach gëtt, wat d’Finanzéierung ugeet. De Marc Baum vun déi Lénk huet méi e kritesche Bléck a fënnt et problematesch, datt de Projet direkt verlinkt ass mam Defense-Secteur.